search

/ Ukrain mellt op Karfreideg massiv russesch Attacken - Poopst rifft zu Fridden op

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Ukrain mellt op Karfreideg massiv russesch Attacken - Poopst rifft zu Fridden op

Russland huet d’Ukrain op Karfreideg op en Neits staark bombardéiert. Dosenden Rakéiten hätte Stied a Gemengen an der Ukrain viséiert. Dat huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op de Soziale Reseaue geschriwwen, dëst nodeems hie mam Poopst Leo telefonéiert huet.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Francisco Richart Barbeira
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Francisco Richart Barbeira)

De Poopst huet seng Verbonnenheeten mat der Ukrain ënnerstrach, an en Opruff gemaach der Populatioun déi Hëllef zoukommen ze loossen, déi se brauch. Gefaangener sollen iwwerdeems fräigelooss ginn, esou d'Fuerderung aus dem Vatikan. 

Et war déi éischte Kéier, datt de Poopst Leo op Karfreideg d’Prozessioun an de Kräizwee geleet huet. A senger Ried, huet hien en Enn vun de all de Kricher gefuerdert.