Nach ginn am Militärmusée zu Dikrech déi lescht Detailer fäerdeggestallt, ier déi nei Expo “Ons Arméi um Härebierg” muer um Samschdeg offiziell Ouverture feiert.
Datt esou eng Ausstellung iwwer d’Arméi dëst Joer stattfënnt, ass keen Zoufall. Déi modern Lëtzebuerger Arméi feiert nämlech seng 80 Joer.
1945 huet et un Erfarung gefeelt
Den Historiker an Direkter vum Dikrecher Militärmusée Benoît Niederkorn zielt um 100,7-Mikro, datt een am Kader vun der Porte ouverte um Härebierg – dee selwer dëst Joer och e ronne Gebuertsdag gefeiert huet – sech mat de Responsabelen zesummegesat huet fir ze kucken, wéi eng Theemen een nach kéint opschaffen.
Am Juli 1945 huet déi Lëtzebuerger Arméi nämlech mam Service obligatoire déi éischt Rekrutten agezunn. Fir eng Arméi opzebauen huet een awer och “Kader-Leit” gebraucht huet, wéi den Historiker erkläert.
“An déi si si sech aus deene siche gaangen, déi am Zweete Weltkrich gedéngt hunn, an do schwätze mir vun der Brigade Piron, an zwar d'Luxembourg Battery. Do waren eng gutt 200 Leit an der belscher Arméi, déi am Juni 45 dann eeben och demobiliséiert gi sinn, fir eeben an déi Arméi integréiert ze ginn an deementspriechend eeben och an deene Kasären täteg ze sinn.”
Dat war deemools eng grouss Erausfuerderung, well u sech net ganz vill Leit hei zu Lëtzebuerg waren, déi Erfarung an deem Beräich haten, an déi d'Wëssen haten, fir eng Arméi opzebauen.
Optrag vun den Alliéierten: Eng nei Arméi muss hier
Virum Zweete Weltkrich ass et zwar schonn eng Compagnie des volontaires ginn, respektiv eng Force armée mat der Gendarmerie dran als Compagnie. Mee déi hate vum Kader hier nëmmen 9 Offizéier. Et waren och quasi just 500 Zaldoten do, betount de Benoît Niederkorn.
“Déi haten och eng ganz aner Missioun dee Moment. Et war fir der Gendarmerie oder der Police eng Hand matzehëllefen.”
Nom Krich war d’Situatioun natierlech eng aner: Lëtzebuerg war befreit a krut vun den Alliéierten och den Optrag, sech nees eng nei Arméi opzebauen, awer an engem ganz anere Kader.
Offizéier am Schnellverfahren ausbilden
Et ass nämlech drëms gaang, de Service obligatoire erëm anzeféieren, well et sollten zwee Infanterie-Bataillonen opgesat ginn, déi herno och effektiv de Wee a Richtung franséisch Occupatiounszonen fonnt hunn, fir do ze hëllefen.
Eenzege Problem: Wou hëlt een d’Leit hier, fir déi 2.000 Zaldoten auszebilden?
“An do ass et eeben dann dorop higaangen, datt een amerikanesch Offizéier, Ënneroffizéier an och Brittescher geholl huet, déi mat an déi nei Arméi quasi fir eng Kuerz Zäit integréiert huet, fir mat hinnen nei Lëtzebuerger Offizéier an engem Schnellverfahren auszebilden.”
Doropshi si vum Juli 1945 un déi éischt Zaldoten an de Kasären ausgebilt ginn.
Ausbildung am "Feindesland"
Dës Kasäre waren am Ufank awer guer net hei am Land, mee zu Bitburg.
“Si waren am Fong just hei fir eng kuerz Zäit, sief et elo zu Diddeleng oder am Saint -Esprit oder zu Walfer an de Kasären, mee déi waren net ausgeluecht fir esou vill Leit. Deementspriechend war d'Wehrmachtskasär zu Bitburg den nächsten Haaptstützpunkt ginn an dat sollt bis 1955 esou bleiwen.”
Déi Kasär war zwar quasi genau esou provisoresch, wéi d'Arméi, déi dohinner komm ass, zielt den Direkter vum Dikrecher Militärmusée. Déi war nämlech zerstéiert ginn.
Brisant ass natierlech, datt sech dës Kasär am sougenannte “Feindesland” – also an Däitschland – befonnt huet. Sozialhistoresch ass dëst en intressante Punkt, wéi de Benoît Niederkorn betount, well ee mat deenen Däitschen net wollt fraterniséieren, oder awer dach?
“Et waren d'Noperen aus der Äifel. An hei war och den Dréi-, an Aangelpunkt vu Jidderengem, dee bis 1955 Service obligatoire geleescht huet. Deen ass do an d'Ausbildung komm, bis hei déi nei Strukture preparéiert gi si fir opzebauen.”
Wéi d’Arméi 1955 op Lëtzebuerg zeréckkomm ass, ass d'Kasär um Härebierg knapps fäerdeg ginn.
Eng Kasär op der Sauerwiss?
Ee groussen Deel vun där Ausstellung beschäftegt sech och mat der Kasär um Härebierg. Ugefaangen domadder, wéi se iwwerhaapt op Dikrech komm ass.
Den Historiker erkläert, datt et deemools enger ëffentlecher Ausschreiwung geglach huet. De Staat huet quasi gefrot, wéi eng Uertschaften dorunner intresséiert wieren. Dikrech konnt sech géint Iechternach, Ettelbréck an d’Stad duerchsetzen.
Ufanks war geplangt, d’Kasär an d’Sauerwiss ze setzen. Do, wou haut d’Schwemm an de Fussballterrain sinn. Deemools stoung op där Plaz eng al Päerdsbunn. Déi Iddi ass allerdéngs verworf ginn, an et huet een zimmlech séier den Härebierg an d’Ae gefaasst, well deen op engem Plateau läit a bis op ee Bauerenhaff an eng Strooss soss näischt an der Géigend war.
Kasären amplaz e Sessellift
Al Fotoe vun deem Bauerenhaff sinn och an der Ausstellung ze gesinn. De Benoît Niederkorn erkläert, datt dësen Haff och eng historesch Roll zu Dikrech gespillt huet.
“Engersäits ass en zerstéiert ginn an der Ardennen-Offensiv. Mee do virdru war et och en touristesch Attraktioun fir Leit, déi wollte wandere goen. An den 1910, 1920er Jore war Dikrech eng Héichbuerg, och fir den internationalen Tourismus, an deementspriechend war souguer geplangt ginn, en Telesiège do ropzezéien, sou wéi deen haut zu Veianen.”
Déi Iddi ass awer verworf ginn, well eng Kasär um Härebierg vill méi e groussen ekonomesche Facteur hat. Nieft der eigentlecher Kasär ass nämlech och eng Cité militaire gebaut gi fir d’Offizéier an hir Famillen. Deemools si quasi 1.000 Leit mateneen op Dikrech wunne komm.
"Mir mussen eis un eiser eegener Nues huelen"
Fir d’Ausstellung selwer konnt de Musée natierlech zum Deel op hire groussen Inventaire zeréckgräifen. Wat awer gefeelt hätt wieren Ego-Dokumenter. Dat kënne Fotoalbume sinn oder Bréiwer. Wat d’Fotoen ugeet hätt ee villes vu Leit erakritt, zielt de Benoît Niederkorn.
“Mee mir mierken awer, datt soubal d'Zaldote vu Bitburg zréckkommen, da verfale mir quasi an d’Zäitgeschicht. Och wann dat elo bal 70 Joer hier ass. Dat heescht, mir hu bal guer keng Ego-Dokumenter. Wéi hunn d'Leit den Härebierg erlieft?”
Wat dat ugeet géing ee sech och un der eegener Nues huelen, seet de Muséesdirekter. Et misst een d’Gesellschaft méi sensibiliséieren, fir méi heefeg un historesch Ego-Dokumenter ze kommen. Op deem Punkt wëllt een an Zukunft – wann déi permanent Ausstellung vum Musée frësch gemaach gëtt – méi raushuelen.
Déi temporär Expo "Ons Arméi um Härebierg" ass vu muer um Samschdeg un a bis de 15. September d'nächst Joer op fir de Public. Een Deel vun der Ausstellung beschäftegt sech iwwregens och mat der méi rezenter Geschicht vun de Fraen an der Force publique. Déi fänkt Enn den 1970er Joren eréischt un.