Radioen

On air

9 bis 1  |  Tocotronic - Denn sie wissen was sie tun

play_arrow Live
search

/ Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlungen: Formateur Luc Frieden nennt haut éischt Detailer

Nei Regierung

Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlungen: Formateur Luc Frieden nennt haut éischt Detailer

Um Schlass zu Senneng soll de Formateur Luc Frieden haut um Méindeg Mëtteg op enger Pressekonferenz éischt Detailer zum Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlunge ginn. 100,7 Informatiounen no stéinge souwuel d’Eckpunkte vum Koalitiounsaccord, wéi och déi personell Ministeren elo fest.

auto_stories

1 min

Déi betraffe Leit wieren de Weekend driwwer informéier ginn, wéi eng Ressorten si wäerten iwwerhuelen. D’Regierungsequipe géif deemno aus 15 Membere bestoen. Nach Enn dëser Woch, respektiv ugangs nächster Woch, kéinten déi nei Ministeren da vereedegt ginn. 

Den CSV-Co-Parteipresident Claude Wiseler wäert eisen Informatiounen no net an der neier Regierung sinn. De fréiere Bauten- an Transportminister soll an der neier Legislaturperiod Chamberpresident ginn.