Radioen

On air

De Weekend  |  Penelope Isles - Terrified

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Den Horeca-Secteur deet sech weider schwéier

Och véier Joer no der Pandemie

Den Horeca-Secteur deet sech weider schwéier

Gutt véier Joer nom Ausbroch vun der Corona-Pandemie deet sech den Horeca-Secteur weider schwéier fir nees op den Niveau vu virun der Kris ze kommen. Dat weisen och déi neisten Zuele vum Statec, déi e Méindeg publizéiert goufen. Grond dofir sinn ënner anerem d’Energiepräisser an de Personalmanktem am Secteur vun den Hotellen, Restauranten a Caféen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Marko Poplasen / Bigstock

D‘Restauranten zu Lëtzebuerg sinn nees gutt besicht, dat confirméiert den neie Generalsekretär vun der Horesca, Steve Martellini, deen d’Mandat vum François Koepp iwwerhëlt. Och den Ëmsaz wier relativ gutt an deels nees um Niveau vun 2019. Wat awer ënner dem Stréch iwwereg bleift, dat ass eppes ganz aneschtes.

"Dat heescht, et bleift wierklech manner iwwereg, wéi dat virdrun de Fall war. Héijen Ëmsaz heescht net ëmmer och héije Gewënn. An do hu mir am Moment relativ vill Problemer."

Grënn dofir ginn et direkt e puer, wéi de Steve Martellini erkläert.  

"Mir hu wierklech d’Explosioun vun den Energiekäschten, mir hunn d’Matière première, déi an d’Luucht geet, d‘Interêten op de Prêten. Mir hunn awer och d’Salaireskäschten, déi explodéiert sinn. An dat ass dee Cumul, deen et ausmécht, datt do manner iwwereg bleift."

Virun allem de Caféen uechtert d’Land géing et den Ament net gutt goen, esou den Horesca-Generalsekretär. Um Gedrénks géing een haut net méi vill verdéngen, wéi de Steve Martellini erkläert.

"Bei engem Präis vun 3,50 Euro vun engem Béier, do bleiwen dann nach Ronn 17 Cent. Dat geet dann natierlech net méi duer fir wierklech do ze iwwerliewen."

Een zimmlech dynamesche Secteur, mee ...

Wat den Emploi am Horeca-Secteur ugeet, esou schwätzt de Statec a sengem leschte Rapport vun enger éischter favorabeler Situatioun. Aktuell schaffe ronn 23.000 Persounen am Horeca-Secteur. Wéinst dem Chômage partiel hätte wärend der Pandemie net vill Leit missten entlooss ginn. Och 2023 wier den Emploi am Horeca-Secteur am Verglach mat anere Secteuren zimmlech dynamesch gewiescht, esou d’Analys vum Bastien Larue vum Statec.

"L’emploi du secteur aujourd’hui, il est environ dix pour cent par rapport à son niveau d’avant-crise. Donc là il y a vraiment eu un rattrapage en matière d’emploi."

An de leschte Méint géing een awer eng Rëtsch negativ Signaler feststellen. D‘Perspektive fir dëst Joer wiere manner favorabel, mengt de Bastien Larue vum Lëtzebuerger Statistik-Institut.

"Notamment pour l’hébergement et les bars et cafés, là on a vraiment un freinage de l’emploi, voire un léger baisser sur la fin de 2023."

"Métiers très en pénurie": Och fir den Horeca-Secteur

Et géingen och manner nei Plazen an den Hotellen, Restauranten a Caféen ausgeschriwwe ginn, seet de Bastien Larue vum Statec. Doduerch wier an de leschte Méint d’Problematik Personal ze fanne méi kleng ginn. An trotzdeem bleift de Personalmanktem e Problem am Horeca-Secteur, wat och de Steve Martellini weess.

"Mir géife gär onbedéngt op déi Lëscht komme vun de 'métiers très en pénurie'. Dat géif eis hëllefe wierklech fir och aus dem Ausland vill méi einfach och kënnen ze rekrutéieren. Notamment aus den Drëttlänner, dat eis do verschidden Diere géing opmaachen."

D’Federatioun plangt an deem Kontext och eng Campagne. D’Membere vun der Horesca sollen iwwer dee Wee informéiert ginn, datt se hir Plaze sollen deklaréieren, wa se Personal sichen, esou den neie Generalsekretär vun der Horesca, Steve Martellini.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft