search

/ Och an Däitschland gëtt et Widderstand géint Ausbau vun Tanklager um Mäerterter Hafen

Pëtrol

|
reading time

3 min

Och an Däitschland gëtt et Widderstand géint Ausbau vun Tanklager um Mäerterter Hafen

Op der däitscher Säit vun der Musel wëllt och d’Gemeng Temmels juristesch Schrëtt géint d’Geneemegung ëm den Ausbau vum Tanklager zu Mäertert an d’Weeër leeden, huet eis d’Buergermeeschtesch vun do, d'Doris Opitz Köbernik, preziséiert. 

reading time

3 min

© Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView
(Foto: Société du Port de Mertert / Copyright Schmitt-GlobalView)

Eestëmmeg hat sech de Gemengerot Gréiwemaacher e Freideg géint de geplangten Ausbau vun den Tanklagere gestallt.

Dëst nodeems d’Firma Tanklux S.A. de 15. Oktober déi néideg Autorisatioune vum Ëmwelt- a vum Aarbechtsministère kritt hat, fir seng Capacitéite fir d’Lagerung vu Pëtrolsproduiten op der Musel méi wéi ze verduebelen, vun elo ronn 61.000 op 151.000 Meterkibb.

40 Deeg laang Zäit hunn déi concernéiert Gemenge fir déi Autorisatioun unzefechten. Temmels wäert dat maachen.

En Dokument op Franséisch fir déi Däitsch

30 Säite laang ass d’Geneemegungsdokument vum Ëmwelt- an Aarbechtsministère, dat per Recommandé un d‘Gemeng Temmels adresséiert gouf.

D‘Dokument ass op Franséisch redigéiert, wat fir d‘Buergermeeschtesch eng weider Schwieregkeet duergestallt huet. D’Doris Opitz Köbernik reegt sech driwwer op, datt d’Verwaltung net op een éischte Recours, deen hir Gemeng viru Méint agereecht hat, agaange war.

"Natürlich ist das kurz. Wir sind über ein halbes Jahr hinterher und fragen uns, wir sind ja schon in Widerspruch gegangen und wir haben überhaupt keine Antwort bekommen. Nach einem über halben Jahr kriegt man dann wieder so ein Schreiben und das finde ich auch nicht gerade sehr gut, denn es gehört sich ja, dass man stets darüber spricht."

Weidere Recours geplangt

Trotz kuerzem Delai géif een een neie Recours géint d‘Autorisatioun ëm den Ausbau vun den Tanklager areechen, betount d’Buergermeeschtesch vun Temmels.

"Für uns ist das hier eine Katastrophe, dass die Genehmigungen der Tanklux gegeben worden sind. Wir werden in Widerspruch gehen."

Ass den Ausbau iwwerhaapt sënnvoll?

D’Gemeng Temmels läit just vis à vis vun den Tanklager um Hafe vu Mäertert. Fir d’Uertschaft kéint de Site eng Gefor duerstellen, erkläert Doris Opitz Köbernik.

"Befürchten tue ich, dass es natürlich durchaus sein kann, dass dort Explosionen stattfinden und das zu einer Katastrophe führt."

D’Fro géif sech och stellen, firwat datt déi Tanklager iwwerhaapt sollen ausgebaut ginn, elo wou d’Elektromobilitéit ëmmer méi gefërdert géif ginn. 

"Das ist eben auch die Frage, die wir uns stellen, denn es wird ja auch Elektromobilität, die wird ja forciert, und da fragen wir uns natürlich, was das soll, warum dieses Tanklager um über die Hälfte erweitert werden soll."

Däitsch-Lëtzebuergesch Kooperatioun géint den Ausbau

Am Dezember d’lescht Joer haten op däitscher Säit d’Gemengen Temmels, Wellen, Konz an Oberbillig zesumme mat de Lëtzebuerger Gemenge Gréiwemaacher a Mäertert-Waasserbëlleg un engem Strang gezunn, fir géint de Projet Ausbau vum Tanklager um Mäerterter Hafen ze protestéieren. 

Et géif een am Gespréich bleiwen, mee all eenzel Gemeng misst seng Recourse selwer areechen, esou nach d’Doris Opitz Köbernik.