Am Artikel 15 vun der Verfassung kënnt also een neien Abschnitt dobäi, duerch deen d’Fräiheet op eng Ofdreiwung garantéiert gëtt. Do heescht et och, datt d’Gesetz d’Konditiounen dofir bestëmmt.
D‘Verfassungsännerung war vun déi Lénk deponéiert ginn, well op verschidde Plazen, zum Beispill an e puer US-Bundesstaaten, den Avortement nees verbuede gouf.
Lektiounen zéien aus Erfarungen an anere Länner
Fir de Marc Baum vun déi Lénk ass d’Verankerung vun der Fräiheet op eng Ofdreiwung an der Verfassung eng zousätzlech Sécherheet, datt se net kann duerch eng einfach Majoritéit am Parlament a Fro gestallt ginn.
"D'Noutwendegkeet dës Ofsécherung vum Ofdreiwungsrecht duerch d'Verfassung virzehuelen, entspréngt aus de rezenten Erfarungen aus anere Länner, grad och deenen, déi eis emol kulturell ganz no stoungen, Länner, an deene reproduktiv Rechter massiv ageschränkt goufen, Doktere verbuede kruten ze hëllefen a Frae gezwonge goufen entweeder ze gebären oder sech an d'Illegalitéit ze beginn, mat schreckleche gesondheetlechen a psychesche Konsequenze fir déi Betraffen."
An enger éischter Versioun wollten déi Lénk datt an der Verfassung d’Recht op Ofdreiwung soll dra stoe kommen. Schlussendlech gouf et ee breede Konsens iwwert d’Formulatioun datt d’Fräiheet op den Avortement soll garantéiert ginn.