arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och 25 Joer no 9/11: "Terrorismus wird es auch in Zukunft geben"

Terrorismus-Expert

|
reading time

6 min

headphones

16 min

play_arrow

Och 25 Joer no 9/11: "Terrorismus wird es auch in Zukunft geben"

25 Joer ass et hier, datt al-Qaida-Terroristen zwee Fliger an d'Twin Towers vum World Trade Center zu New York gesteiert hunn an een an de Pentagon. Zënterdeem huet sech ville verännert an haut sinn esou Attacke kaum denkbar. Dat heescht awer net, datt den Terrorismus ofgeholl huet.

reading time

6 min

headphones

16 min

play_arrow
© picture alliance / imageBROKER | Chacun JM/Andia.fr
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Chacun JM/Andia.fr)

Bal jiddereen, deen den 11. September e gewëssen Alter hat, weess wou en op deem Dag war. D’Biller vun den Twin Towers vum World Trade Center, als éischt vu schwaarzem Damp ëmginn, dono a sech zesummefalend, huet nach jiddereen am Kapp.

Gréisser Terrorattacken hu sech ëm d'Joerdausendwend ugedeit

Ganz gutt drun erënnere ka sech och den Hans-Jakob Schindler. Hien ass en däitschen Terrorismus-Expert an huet sech deemools am Optrag vun der Bundesregierung intensiv mat der al-Quaida befaasst. Dat Terrornetzwierk, dat fir d’Attacke vum 11. September verantwortlech ass.

Déi éischt Fro un den Expert am 100,7-Interview ass dohier kloer: Huet deemools eppes op esou eng Terrorattack higedeit? Jo, seet den Hans-Jakob Schindler. Et wier kloer gewiescht, datt d’Attentater vun Islamisten ëmmer méi no un dat amerikanescht “Homeland” komm sinn.

Den Hans-Jakob Schindler | © Henning Schacht
Den Hans-Jakob Schindler (Foto: Henning Schacht)

Aden, Los Anglees, New York

Éischt Terrorattacke sinn et an Ostafrika ginn. Dunn um Militärschëff USS Cole am Hafen vun Aden am Jemen. Dat war am Joer 2000.

Am Dezember vun deem Joer gouf et eng versichten Attack op de Flughafen vu Los Angeles, dee just duerch Zoufall verhënnert konnt ginn.

Den Expert betount: Et war kloer, datt dat nächst Zil vun der al-Qaida “spektakulär” wäert ginn. Mee hie perséinlech wier kengen Indicë begéint, déi op Entféierunge vu Fligeren an Attacken op New York a Washington higewisen hätten.

Huet sech déi national an international Zesummenaarbecht verbessert?

Kuerz no den Terrorattacken ass et an den USA staark Kritik um FBI an der CIA ginn. Tëschent béiden Agencen huet den Informatiounsaustausch net geklappt. Esou ass d’Informatioun, datt sech Membere vun der al-Qaida um Wee an d’USA befannen, net vun enger Agence un déi aner gereecht ginn.

Haut wier dat net méi de Fall, betount den Hans-Jakob Schindler. Souwuel national, wéi och international. Hien nennt e Beispill: 2024, zu enger Zäit wou d’Relatiounen tëschent den USA a Russland op engem neien Déifpunkt waren, hunn d’Amerikaner dem russesche Geheimdéngscht awer Informatiounen zu engem méiglechen Attentat op d’Crocus City Hall zu Moskau ginn.

Zum Attentat ass et awer trotzdeem komm, well de russesche Geheimdéngscht d’Info net eescht geholl huet. Kuerz virdrun huet de russesche President Wladimir Putin déi amerikanesch Indicen als Falschinformatioun bezeechent gehat.

Wier 9/11 haut nach méiglech?

D’Fro, déi sech 25 Joer no den Terrorattentater zu New York a Washington vill Leit stellen: Wier esou eppes haut nach méiglech?

Fir den Hans-Jakob Schindler ass sécher, datt een Attentat am Ausmooss vun 9/11 hautdesdaags ganz schwéier duerchzeféieren ass.

“Diese Anschlagsformate sind mit hoher Wahrscheinlichkeit verhinderbar, weil viele Personen miteindander kommunizéieren mussen.”

Natierlech géing et keng Garantie ginn, datt een all geplangten Attack verhënnere kéint, warnt den Terrorismus-Expert. De Problem hautdesdaags wier deen, datt d’Terrornetzwierker selwer aaneschters operéieren.

Déi Persounen, déi sech radikaliséieren, si meeschtens schonn am Land a plangen hir Attentater selwer. Si kréie vun den Terrororganisatiounen héchstens nach e puer Rotschléi. Dat féiert zu den Attacke mat Messer oder Auto, déi ee rezent an Däitschland heefeg gesinn huet.

D'Konsequenze vum 11. September 2001

Eng direkt Konsequenz vun 9/11 sinn déi verstäerkt Kontrollen um Flughafen. Dat wier “fundamental wichteg” betount den Terrorismus-Expert.

“Wenn die Kontrollen zurückgehen fangen die Terroristen sofort wieder an.”

Fligere sinn e “beléift “ Zil fir Terroristen, well ee se entféiere kann, an awer och als Waff asetze kann.

Iwwerdeems wiere verschidden Aspekter vun de Sécherheetskontrollen nees zeréckgeschrauft ginn, erkläert den Hans-Jakob Schindler. An den USA huet ee fréier och missen d’Schung ëmmer ausdoen. Dat, well eng Kéier probéiert ginn ass, Sprengstoff an de Schung ze schmuggelen.

Jiddereen ass um Radar

Mee net just d’Passagéier an d’Gepäck gëtt kontrolléiert, och den Trajet vun all Eenzelnem gëtt opgezeechent. E groussen Agrëff an d’Privatsphär. En noutwennegt Iwwel? Jo, mengt den Hans-Jakob Schindler.

Hie gëtt d’Beispill vun de Joren 2014 bis 2017, an deene vill Europäer a Syrie geflu si fir sech do ze radikaliséieren an dem Kalifat unzeschléissen. An deem Fall wier et wichteg en Iwwerbléck ze hu vun deene Leit, déi au Moment venu nees an hiert Heemechtsland areesen.

Wichteg ze betounen ass och, datt et keng weltwäit Datebank gëtt, mee datt esou Donnéeë permanent ofgeglach ginn.

© Robert J. Fisch, CC BY-SA 2.0
(Foto: Robert J. Fisch, CC BY-SA 2.0)

"The War on Terror"

No 9/11 huet den deemolegen US-President George W. Bush “The War on Terror” deklaréiert. Am Oktober sinn US-Truppen an den Afghanistan amarschéiert.

Den Hans-Jakob Schindler huet deemools eng aner Positioun vertrueden. Amplaz ze probéieren, den Afghane vu baussen en neie politesche System opzedrécken, hätt hie léiwer gehat, et hätt een d’al-Qaida an d’Taliban geziilt attackéiert.

Schliisslech wier et weder de Mongolen, nach der sowjettescher Besatzung gelongen, am Afghanistan en neie Regimm ze etabléieren.

“Warum sollten wir diejenigen sein, die das schaffen?”

No 20 Joer am Afghanistan huet een da misse feststellen, datt een d’Zil net erreecht huet. Haut sinn d’Taliban nees un der Muecht.

Eng direkt Konsequenz dovun ass, datt vill Géigen-Terrorismus-Moossnamen zeréckgefuer ginn. Dat spillt den Terroristen natierlech an d’Kaarten, seet den Expert. al-Qaida ass nees present an Afghanistan. A Westafrika ass et hir “Partnerorganisatioun” JNIM. Och a Somalia, an Ostafrika, iwwerhuelen Terroristen ëmmer méi Muecht.

De Westen als Äerzfeind

Mee wéi een Zil hunn déi Organisatiounen iwwerhaapt? Terror ass ëmmer Mëttel zum Zweck, erkläert den Hans-Jakob Schindler.

Terroristesch Regimmer hätten ëmmer en ideologescht, politescht Endzil. Am Bezuch op den islamisteschen Terror ass dat Zil, d’Communautéit vun de Moslemen ze stäerken an de Westen erauszefuerderen.

Ënnerscheeder ginn et an den Approchen. D’Muslimbridder zum Beispill probéieren, vun ënnen no uewen ze islamiséieren.

D’al-Qaida huet aneschters geduecht. Fir si war kloer, datt et näischt bréngt, islamistesch Regimmer ze etabléieren, déi souwisou nees vum Weste gestierzt ginn. Dofir hu si sech dozou entschloss, de Westen ze attackéiere fir en ze schwächen.

U Kabul, Mali a Somalia géing een haut leider gesinn, datt dës Taktik opgeet, seet den Hans-Jakob Schindler.

Ground Zero | © EPA/Ted S. Warren
Ground Zero (Foto: EPA/Ted S. Warren)

"Wir mussen weiterhin wachsam sein”

Mee ass d’Welt dann haut méi sécher wéi viru 25 Joer? Oder hu mir just geléiert, besser mat de Geforen ëmzegoen?

Den Hans-Jakob Schindler betount, datt haut manner Leit um Terror stierwe wéi dat fréier de Fall war.

Et hätt een och besser Ofwiermechanismen.

Mee mat de Medien, virun allem Social Media, hätt d’Situatioun sech net vereinfacht.

“Terrorismus wird es auch in Zukunft geben. Wir mussen weiterhin wachsam sein.”

25 Joer ass et hier, datt bei den Terrorattacken zu New York a Washington insgesamt bal 3.000 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn.

play_arrow Lauschteren