Radioen

On air

Notturno  |  Men I Trust - Show Me How

play_arrow Live
search

/ ONG wërft Traxys Ënnerstëtzung vu Konflikter am Kongo vir

Schwéier Virwërf géint de Rostoffhändler Traxys

ONG wërft Traxys Ënnerstëtzung vu Konflikter am Kongo vir

D'ONG Global Witness mat Sëtz zu London, mécht schwéier Reprochë géint Traxys, eng international Firma, mat europäeschem Sëtz zu Lëtzebuerg, déi Metaller a Mineralien importéiert a verkeeft. Eng Enquête vu Global Witness behaapt: Traxys hätt vum Ruanda gréisser Quantitéite vum Metall Coltan kaf an domat d'Miliz M23 am Krich am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo ënnerstëtzt.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Aus dem Äerz "Coltan" gëtt virun allem d'Metall Tantal (Ta) gewonnen. | © picture alliance / photothek | Michael Gottschalk play_arrow
Aus dem Äerz "Coltan" gëtt virun allem d'Metall Tantal (Ta) gewonnen. (Foto: picture alliance / photothek | Michael Gottschalk)

D'ONG fuerdert, datt de Lëtzebuerger Ausseministère elo handele misst.

Coltan, e sougenannt "seelent" Metall, ass essentiel fir d'Produktioun vu Batterië fir Elektroautoen, Smartphonen a Laptoppen. A mat déi gréisste Reserve vu Coltan gëtt et am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo - engem Krichsgebitt, wou d'Miliz M23, mat presuméierter Ënnerstëtzung vum Ruanda, mat brutaler Gewalt virgeet.

D'UNO schwätzt vun Dausenden Doudegen, Honnertdausende Verdriwwenen, a systematescher Vergewaltegung vu Fraen als Krichswaff.

EU-Gesetzgebung an d'Roll vun Traxys

Fir ze verhënneren, datt a Krichsregioune Milize wéi M23 vum Export vu Mineralien a Metaller kënne profitéieren, ass an der EU zënter 2021 eng Konflikt-Mineralië-Legislatioun a Kraaft. Firme musse sécherstellen, datt EU-Importer vu Metaller a Mineralien aus responsabele Sourcë kommen. Mee, wéi den Alex Klopp vun der ONG Global Witness seet, hätt d'Firma Traxys zejoert 280 Tonne Coltan vum Ruanda kaf.

“Net all de Coltan, deen Traxys vum Ruanda kaf huet, ass mam Krich verbonnen … mee mir si praktesch sécher, datt op d‘mannst en Deel dovu mat der Miliz M23 an dem Krich a Verbindung steet.”

Traxys dementéiert dat a sot der ONG, si hätt kee Coltan aus der Minn vu Rubaya am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo importéiert an domat d'M23-Miliz indirekt ënnerstëtzt. Mee Global Witness seet, datt si mat zwee Händler geschwat hunn, déi Coltan aus der Demokratescher Republik Kongo an de Ruanda geschmuggelt hunn.

“A si soten eis: Déi ruandesch Firma African Panther hätt dee geschmuggelte Coltran bal exklusiv un d’Firma Traxys weiderverkaf.”

Fuerderung no enger Ënnersichung an enger Reaktioun

Dat ass problematesch. Lëtzebuerg huet d'EU-Regulatioun iwwer den Import vu Mineralien aus Krichsgebidder 2023 ëmgesat. D'Firma Traxys hätt also beim Import vu Coltan méiglecherweis géint d'Gesetz verstouss, schreiwen déi Lénk an enger parlamentarescher Fro zum Theema un den Ausseminister Xavier Bettel. Mir hunn och beim Ausseminister nogefrot a krute, bis elo, dës schrëftlech Äntwert:

“Den Ausseministère stellt sécher, duerch Ex-Post Kontrollen, datt all EU-Importateuren zu Lëtzebuerg …. hir Flichten am Zesummenhang mat der Due Diligence respektéieren. All glafwierdeg Informatioun, déi de Ministère kritt, gëtt am Kader vun enger risikobaséierter Kontrollapproche berücksichtegt.”

Och d'ONG Global Witness huet de Lëtzebuerger Ausseministère kontaktéiert fir de Ministère mat der Enquête zu de Coltan-Importer vun Traxys ze konfrontéieren. Et géif een de Fall ënnersichen, war d'Äntwert.

Op alle Fall misst den Ausseministère an dëser Affär direkt aktiv ginn an d'Firma Traxys elo kontrolléieren, huet den Alex Klopp vun der ONG Global Witness nach betount.

Lauschterenplay_arrow