Radioen

On air

Notturno  |  Minipli - Lynchian Movie

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ONE fuerdert méi grouss Roll beim Encadrement vun onbegleete Kanner

Office national de l’enfance

ONE fuerdert méi grouss Roll beim Encadrement vun onbegleete Kanner

Beim Encadrement vun onbegleete Kanner zu Lëtzebuerg soll an Zukunft den Office national de l’enfance, eng Haaptroll spillen. Dës a weider Fuerderungen un déi nei Regierung huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit am Kader vum Weltkannerrechtsdag zesumme mat UNICEF an der ASBL “Passerell” virgestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Okaju

Den OKAJU weist sech besuergt doriwwer, datt de Schutz vu Mineuren, déi aus hirem Heemechtsland geflücht sinn, an eleng zu Lëtzebuerg ukommen, an den Hannergrond geréit.

Eegene Statut fir den ONE

Aktuell befanne sech zu Lëtzebuerg 156 onbegleete Kanner an de Strukture fir Refugiéen. Bei hirem éischte Kontakt mat den Autoritéite si si eleng a ginn an de Prozedure behandelt wéi volljäreg Refugiéeën. Dem Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit no sinn hei ugepasste Prozeduren noutwenneg.

“Datt et effektiv noutwenneg ass, datt mir à ce stade een eegenen neie Statut kreéiere fir all déi cas de Figuren ofzedecken, wou Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg sinn. An dat ausserhalb vun enger Asylprozedur, wou eng Demande bei der Direction de l’immigration gemaach gëtt.”

Retarden an de Prozeduren

Bis zu dräi Joer kënnen aktuell déi onbegleete Mineuren hei am Land sech an de Prozedure befannen an nach ëmmer ginn et och Retarde bei der Bestëmmung vun engem Administrateur ad-hoc an engem Administrateur public, betount den Ombudsman Charel Schmit. Ausserdeem misst de psychologeschen Encadrement ausgebaut ginn.

Fir déi Jonk mat hire spezifesche Besoine méi an de Vierdergrond ze réckelen, wier et wichteg, den Accueil an déi rechtlech Assistenz komplett vum Asylverfaren ze trennen.

Eng Roll bei allen administrativen Demarchen

Bei allen administrativen Demarche soll den ONE méi eng Schlësselroll spillen. Den Ament huet dësen nämlech keen Impakt op d’Altersbestëmmung oder op d’Ernenne vun engem Kanneraffekot a ka sech och net zu der Vulnerabilitéit vun de concernéierte Mineure prononcéieren, erkläert de Charel Schmit. 

“Deen Office, dee mir zu Lëtzebuerg hunn, deen am Fong d’Expertis huet fir mat Kanner a Jugendlechen ze schaffen an en Diagnostik iwwer hir Vulnerabilitéit ze maachen, déi ass den Ament eigentlech ganz hors jeu a si këmmert sech eigentlech just ëm den Encadrement. An do menge mir, datt dat komplett ännere muss. Déi éischt Ulafstell muss den Office National de l’Enfance sinn.”

Ugangs nächst Joer wëll den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher e rapport annuel virstellen, an deem den Accès zu pediatresche Soinen am Fokus stoe soll.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit