Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL weider zouversiichtlech wat Caritas-Personal ugeet

Entrevue mat der Regierung ass ugefrot

OGBL weider zouversiichtlech wat Caritas-Personal ugeet

Den OGBL weist sech weiderhin zouversiichtlech, datt eng Léisung wäert fonnt gi fir d’Personal vun der Caritas. D'Aussoe vum Premier hätte fir Kloerheet gesuergt, esou den zoustännegen Zentralsekretär vum OGBL Smail Suljic.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Der Organisatioun si jo rezent iwwer 60 Milliounen Euro geklaut ginn. Duerch d’Annonce vum Premier Luc Frieden gëscht an der Chamber, datt d’Regierung fir den Ament keng Sue méi un d’Caritas wäert iwwerweisen, hätt een elo wéinstens bësse méi Kloerheet, mengt den zoustännegen Zentralsekretär vum OGBL, de Smail Suljic.

"Wann d’Caritas kee Geld kritt an d’Salairen net kënnen iwwerwise ginn, da schwätze mir vun enger klassescher Faillite vun enger ASBL. An do ginn et ebe legal Prozeduren, déi mir mussen anhalen. Dat ass wierklech de schlëmmste Fall. Ech bezweiwelen nach ëmmer, dass dat wäert virkommen, mee d’Leit mussen informéiert ginn, wat hir Rechter sinn."

Lauschterenplay_arrow

Et hätt een elo eng Entrevue d’urgence bei der Regierung, grad wéi beim Verwaltungsrot ugefrot, fir datt d’Personal kéint driwwer informéiert ginn, wéi et fir si weider geet. 

Aktualitéit