Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den OGBL krut keng Garantie fir all d'Aarbechtsplaze bei der Caritas

No Reunioun mam Krisecomité

Den OGBL krut keng Garantie fir all d'Aarbechtsplaze bei der Caritas

Et ass net kloer, wéi et fir d'Mataarbechter:inne vun der Caritas weidergeet. Dat seet de Smail Suljic vum OGBL, no enger Reunioun tëschent der Gewerkschaft an dem Krisecomité. Hie weist sech awer zefridde mam Verlaf vun de Gespréicher.

auto_stories

2 min

© Michelle Barthel
Foto: Michelle Barthel

Et bleift bei der Moossnam zwou nei Entitéiten ze grënnen, eng fir déi national an eng fir déi international Aktivitéiten. Juristesch wier dat méiglech, elo misst gekuckt ginn, wéi een déi Moossnam technesch kéint ëmsetzen. D'Gewerkschaft wier kloer dofir, erkläert de Smail Suljic.

Wéi vill vun de bis zu 500 Mataarbechter:inne vun der Stëftung a vun der ASBL Accueil et Solidarité no der Bedruchsaffär kéinte gehale ginn, steet zu dësem Moment awer nach net fest. D'Gewerkschaft hält weiderhin un hirer Revendicatioun fest esou vill Personal wéi méiglech kënnen ze behalen.

Konkret Léisunge ginn Enn September presentéiert

Och wéi et vu September u mat der Finanzéierung vun deene verschiddenen Entitéite vun der Caritas wäert weidergoen, ass nach onkloer.

"Do ass de Christian Billon vill am Gespréich mam Premier Luc Frieden, datt d'Regierung do Avancë kéint iwwerweisen. Fir datt d’Leit an där neier Entitéit hir Aarbecht weider kënne maachen."

Bis op Weideres bleift de Krisecomité fir d'Gouvernance vun der Caritas verantwortlech. Méi konkret Léisunge solle bis Enn September presentéiert ginn. De Krisecomité selwer, dee vum Christian Billon presidéiert gëtt, huet sech bis ewell net wollte virun der Press äusseren.

Virun dräi Woche gouf bekannt, datt bei der Caritas 61 Milliounen Euro verontreit goufen. Et leeft eng Enquête vun der Justiz. D'Finanzdirektesch vun der Caritas gouf inculpéiert. Den éischten August hate mir reveléiert, datt d'Finanzdirektesch an hire Service eng aktiv Roll beim Verontreie vun de Sue gespillt hunn. 

De Premier Luc Frieden hat de 25. Juli gesot, d'Verontreie vun den 61 Millioune wier der Caritas hire Problem. D'ONG kréich bis op Weideres keen Euro méi vum Staat, well et kee Vertraue méi an de Management vun der Caritas géif ginn, hat de Staatsminister preziséiert.