An den Ae vun der Gewerkschaftspresidentin dierft et guer keng Iwwergangsperiod ginn. De System misst esou laang weiderlafen, bis et guer keng Betraffener méi gëtt, déi virun der Reform bestuet waren, esou d'Nora Back.
D'Manéier, wéi d'Steierreform géif ugaange ginn, wier net déi beschte Manéier.
"Well mir hunn e Problem, datt de Mëttelstandsbockel riskéiert hei nach verschäerft ze ginn duerch de Barème, wéi e virläit. Mir hätten do dofir och eis agesat, datt dat éischter méi platt gemaach gëtt an datt net hei déi Mëttelsalaire weider méi besteiert ginn doduerch mat deem neie Barème.
D'Fro géif nach am Detail leien, esou d'Nora Back.
"Mee insgesamt, wéi gesot, wäert dat do net fir déi grouss Froe vun der Ongerechtegkeet an der Steierlaascht net aus der Welt geschaaft ginn hat."
An den nächste Méint géif een op nach weider Entrevuë mam Finanzministère hoffen, fir d’Debatt iwwer d’Steierreform weiderzeféieren, esou nach d’OGBL-Presidentin Nora Back.