arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL an LCGB preparéieren national Manifestatioun

Pensiounsreform

|
reading time

1 min

headphones

5 min

play_arrow

OGBL an LCGB preparéieren national Manifestatioun

D‘Manifestatioun vum 28. Juni soll esou grouss wéi méiglech ginn. An engem gemeinsame Communiqué schwätzen déi zwou Gewerkschaften op en Neits vun enger Frontalattack vum Premier Luc Frieden op d‘Pensiounssystemer.

reading time

1 min

headphones

5 min

play_arrow
© Rick Mertens
(Foto: Rick Mertens)

Fir d‘Gewerkschafte wier et inacceptabel, datt dës Reform eenzeg an eleng op de Schëllere vun deene Jonke soll gedroe ginn.

Aktivistinnen an Aktiviste vun den zwou Gewerkschaften zéien dofir um Méindeg zesumme mat engem Auto-Cortège duerch de Süde vum Land, a bleiwe bei verschiddenen Industriebetriber stoen.

D’Zil vun der Aktioun ass et fir esou vill ewéi méiglech Leit ze mobiliséiere fir Enn Juni mat op d’Strooss ze goen.

An de nächsten Deeg organiséieren den OGBL an den LCGB iwwregens nach e puer weider Auto-Cortègen an aneren Deeler vum Land fir fir d’Manifestatioun vum 28. Juni ze mobiliséieren.

play_arrow Lauschteren