An der ugefuerderter Tripartite soll et ëm d'Situatioun bei ArcelorMittal goen, nodeems d'lescht Woch d'Nouvelle koum, datt zu Lëtzebuerg bis zu 1.150 Aarbechtsplaze kéinten delokaliséiert ginn.
D'Direktioun vun ArcelorMittal hat annoncéiert, datt si amgaangen ass, eng Etüd ze maachen. D'Zil soll et sinn ze kucken, wéi vill Aarbechtsplaze fir eng Restrukturéierung a Fro kéimen.
Premier hat wuel schonn Treffe mam CEO vun ArcelorMittal
Fir den OGBL an den LCGB misst d'Direktioun elo soen, a wéi eng Richtung et geet. Dëst misst op engem Tripartite-Niveau geschéien. Si hätten nämlech erausfonnt, datt de Premier Luc Frieden an de CEO vun ArcelorMittal sech zu zwee gesinn hätten, schreiwen d'Gewerkschaften an hirem Communiqué.
Gewerkschafte weise sech besuergt
D'Situatioun tëschent de Gewerkschaften an der Regierung wier extreem komplizéiert, esou de Robert Fornieri vum LCGB.
"On a une inquiétude vive, une crainte vive. C'est que ce modèle tripartite sidérurgie est encore un des modèles qui fonctionnent bien à trois dans le pays. Si maintenant il y a des discussions qui commencent à se faire en bilatéral d'un côté ou de l'autre, ou si on ne réagit pas et qu'on ne s'engage pas à préserver ce modèle tripartite."
Domat géif een nees eng Gefor fir de Sozialdialog hierstellen, esou de Robert Fornieri.
Zënter Oktober d'lescht Joer lafen d'Verhandlungen tëschent Regierung, Direktioun a Gewerkschaften. Dobäi soll den Tripartite-Accord Lux2023 verlängert ginn, deen deemnächst ausleeft.
LSAP schléisst sech der Fuerderung un
D‘LSAP-Fraktioun schléisst sech der Fuerderung vun de Gewerkschaften un, datt d‘Regierung soll sou séier wéi méiglech eng Stol-Tripartite aberuffen. Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo huet um Donneschdegmëtteg eng Motioun an deem Sënn an der Chamber deposéiert.
An der Tripartite misst, zesumme mat de Sozialpartner an alle concernéierten Acteuren d‘Entwécklungen am Stolsecteur analyséiert ginn an d‘Zukunft vun den Aarbechtsplaze bei ArcelorMittal.
D‘lescht Woch war jo d‘Nouvelle komm, dass Arcelor och zu Lëtzebuerg iwwerpréift, fir bis zu 1.150 Aarbechtsplazen an der Administratioun ze delokaliséieren.