Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL an LCGB: Salairen a Primme bei Dupont ginn net ganz bezuelt

Gewerkschaften

OGBL an LCGB: Salairen a Primme bei Dupont ginn net ganz bezuelt

Bei de Lëtzebuerger Sitte vun der amerikanescher Firma Dupont géifen zanter Oktober 2023 Salaire net ganz bezuelt ginn. Dat behaapten d‘Gewerkschaften LCGB an OGBL an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Bis zu 30 % vu verschiddene Salaire an och Primme wiere net bezuelt ginn.

Grond wier e neie Salaires-Gestiouns-System an den USA. Dowéinst hätten d‘Lëtzebuerger Entreprise vun Dupont net méi genuch finanziell Ressourcë fir Salairen a Supplementen ze bezuelen. D‘Gewerkschafte soen si wiere prett fir Aktiounen ze maache wann dat sech net ännert.