Radioen

On air

Thé Dansant  |  Simon And Garfunkel - Mrs. Robinson

play_arrow Live
search

/ OGBL/SEW wërft dem Claude Meisch eng "Leugnungshaltung" vir

No Ëmfro am Enseignement

OGBL/SEW wërft dem Claude Meisch eng "Leugnungshaltung" vir

Den OGBL/SEW fuerdert, datt den Educatiounsministère d‘Resultater vun der nationaler Ëmfro bei den Enseignanten am Fondamental seriö hëlt an eppes ënnerhëlt. Deemols hunn eng 2.000 Enseignantë matgemaach an et koumen zum Deel alarmant Zoustänn a schwéier Belaaschtungen am Beruff un d‘Liicht.

auto_stories

1 min

Claude Meisch | © MAINT / SIP
Claude Meisch (Foto: MAINT / SIP)

Ee Beispill sinn negativ Auswierkungen op d‘Gesondheet: 35 Prozent hunn uginn, datt si Gesondheetsprobleemer hunn, 45 Prozent hu mental Probleemer opgrond vun hirer Aarbecht. 37 Prozent fille sech emotional ausgebrannt an 31 Prozent soen, si stéinge kuerz virun engem Burn-out.

De Ministère hätt déi Resultater méintelaang zeréckgehalen an d‘Ëmfro als net representativ ignoréiert. Déi Haltung empfënnt d‘Enseignantsgewerkschaft vum OGBL als e Schlag an d‘Gesiicht vum Léierpersonal.

Ausserdeem géif de Ministère d‘Probleemer am Fondamental einfach ignoréieren. Den SEW fuerdert de Minister Claude Meisch op, aus der "Leugnungshaltung" erauszekommen, an d‘Probleemer unzegoen.