Radioen

On air

Thé Dansant  |  Pink Floyd - Comfortably Numb

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi meescht Caritas-Mataarbechter:innen hunn en neie Kontrakt mat HUT ënnerschriwwen

Politik a Gesellschaft

Déi meescht Caritas-Mataarbechter:innen hunn en neie Kontrakt mat HUT ënnerschriwwen

Bei der neier Caritas-Entitéit „Hëllef um Terrain“, kuerz HUT, hunn déi allermeescht Mataarbechter elo een neie Kontrakt ënnerschriwwen. Dat confirméiert eis de Christan Billon, fréiere Chef vum Krisecomité.

auto_stories

1 min

Ausser e puer Leit déi am normale Congé sinn, oder am Congé parental oder maternité, an dofir net hätte kënne kontaktéiert ginn, an nach déi eng oder aner Ausnam, hätten all déi aner Mataarbechter:innen e neie Kontrakt mat HUT ënnerschriwwen. Weider Detailer soll déi neit Entitéit HUT den Dënschdeg Mëtteg um 5 Auer op enger Pressekonferenz ginn. „Hëllef um Terrain“ soll haut offiziell déi national Aktivitéite vun der Caritas iwwerhuelen.

Den OGBL an d‘LSAP hunn d‘Konditioune vum Transfert kritiséiert a vun Drock geschwat. D‘LSAP huet de Premier Luc Frieden opgeruff, bei HUT ze intervenéieren.