search

/ Nuetsjuegd geplangt: Ëmweltminister wëllt Gesetz änneren

Natur

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Nuetsjuegd geplangt: Ëmweltminister wëllt Gesetz änneren

De Bësch- a Juegddësch ass sech eens ginn, datt d’Juegd op Déieren an Zukunft och soll nuets erlaabt sinn. Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes schwätzt am 100,7 Interview vun engem historeschen Accord, deen elo awer nach misst mat engem Gesetzesprojet ëmgesat ginn.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Troisième édition du «Bësch- a Juegddësch» | © MECB
Troisième édition du «Bësch- a Juegddësch» (Foto: MECB)

Zesumme mat enger ganzer Rei un ëffentlechen a private Partner hätt ee sech op e Kaderaccord gëeenegt, deen de Bësch als Ecosystem soll stäerken.

De Schwéierpunkt géif dorop leien, d’Wëld an de Lëtzebuerger Bëscher besser ze reguléieren, esou den Ëmweltminister. Dofir wäerten och Ännerungen um Juegdgesetz musse gemaach ginn. Eng vun deenen Ännerunge wier, datt d’Juegd net méi duerch de Sonnenop- an ënnergank begrenzt gëtt.

Wilmes wëllt nach dëst Joer Gesetzesprojet deposéieren

Et wier och denkbar Bëschbesëtzer fir entstane Wëldschued finanziell ze entschiedegen. Dat ënner der Bedéngung, datt de Jeeër säin Ofschossplang respektéiert huet, esou de Serge Wilmes.

“Dat heescht, datt ëmmer an all Juegdlous gëtt e Plan de tir, en Ofschossplang erstallt. Vun der Juegdkommissioun gëtt deen u sech de Minister proposéiert an dee validéiert deen. An da sinn d'Jeeër, déi mussen u sech dat erfëllen um Terrain. A wa si an Zukunft dat erfëllen an datt awer Wëldschued am Bësch entstanen un jonke Beem, da kënne mir eis virstellen, als Staat an Zukunft dat kompenséierent ze iwwerhuelen.”

Déi eenzel Ziler déi am Kaderaccord festgehale goufen, missten elo nach am Detail mat den eenzelne Partner ausgeschafft ginn, éier se op den Instanzewee kéinte goen esou nach den Ëmweltminister Serge Wilmes. Nach dëst Joer wëll hien e Gesetzesprojet an der Chamber deposéieren.

play_arrow Lauschteren