arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommando-Zentral: Wéi gëtt déi international Hëllef koordinéiert?

EU Protection Civile

|
reading time

5 min

EU-Kommando-Zentral: Wéi gëtt déi international Hëllef koordinéiert?

Matten am EU-Quartier läit d'Zentral, wou d’Fiedem fir déi europäesch Hëllef zesummelafen. Och d'Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir Frankräich gëtt vun do aus koordinéiert.

reading time

5 min

Lëtzebuerg schéckt ee Läsch-Fliger genee ewéi 15 Pompjeeën a Frankräich, fir ze hëllefen, d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien. Am 100,7-Interview huet ee vun de Pilote, déi sur place sinn, erkläert, wéi d'Aarbechten oflafen

Koordinéiert gëtt deen Asaz zu Bréissel, am Zentrum vum sougenannten EU-Mechanismus fir d’Protection civile, wou d’Fiedem fir d’europäesch Noutfall-Mesuren zesummelafen.

Kommando-Zentral zu Bréissel koordinéiert Hëllef aus 37 Länner 

Vun do aus gëtt och de Rescht vun der Hëllef op europäeschem Niveau koordinéiert an ofgestëmmt.

Am “Emergency Response Coordination Centre” ERCC an der rue Joseph II, keng 500 Meter vun der Europäescher Kommissioun ewech, gesäit et e bëssen aus wéi an enger Kommandozentral: mat Aueren un der Mauer, déi d’Zäit op verschiddene Plazen op der Welt uginn. Drënner hänke grouss Ecranen, op deene verschidden international News-Chaînen lafen, déi engem d’Gefill ginn, live um Terrain derbäi ze sinn.

© Danièle Weber
(Foto: Danièle Weber)

“Vun hei aus ginn d’Europäesch Operatioune koordinéiert”, erkläert d’Maria Zuber, Cheffin vum ERCC. “Dësen Centre ass d’Häerzstéck vum Europäesche Mechanismus fir d’Protection civile.”

Deem Mechanismus, deen et zënter 2001 gëtt, sinn nieft de 27 EU-Memberstaaten zéng weider Länner ugeschloss. D’Iddi ass, sech géigesäiteg an Noutfall-Situatiounen ënner d'Äerm ze gräifen.

EU wëllt permanent Flott op d'Been stellen 

Och den Asaz vum Lëtzebuerger Fliger an de Pompjeeën, déi an d’Gironde geschéckt goufen, gëtt vun der Bréisseler Zentral aus dirigéiert. Déi Koordinatioun ass wichteg, fir d’Land, wat Hëllef ufreet, präziséiert d’Maria Zuber.

“Amplaz 37 Länner eenzel ze kontaktéieren, gëtt et duer sech bei eis ze mellen. Wa jiddereen eenzel Hëllef offréiere géif, wier dat chaotesch. Esou ka Frankräich genee soen, wat et braucht - a mir kucke, wéi eng Offer passt."

Een Deel vun de Länner, déi dem Mechanismus ugeschloss sinn, stellt Material a Personal permanent zur Verfügung. Op der Plaz a Frankräich si scho siwe Fliger a véier Helikopteren aus aacht verschiddenen Länner, déi Deel vun der Europäescher Flott vu ronn 23 Maschinne sinn an déi zu all Moment kënnen ugefrot ginn.

D’EU ass dernieft amgaangen eng permanent Flott op d’Been ze stelle mat eegene Maschinnen. Wéi vill Fliger den Ament am Ganzen a Frankräich am Asaz sinn, ass schwéier soen, esou d’Maria Zuber.

"Solidaritéit funktionéiert"

Nieft Lëtzebuerg a Serbien huet e Mëttwoch och d’Ukrain annoncéiert, zwee Läschfliger an d’Gironde ze schécken. Déi Länner, déi wéi Lëtzebuerg ee Fliger zur Verfügung stellen, kënnen iwwerdeems op finanziell Hëllef vu Bréissel zielen.

D’EU-Zentral iwwerhëlt tëschent 75 a 85 Prozent vun den Transportkäschten, jee nodeem ginn och och déi operationell Käschte co-finanzéiert, erkläert d’Maria Zuber. 

"D’Länner, déi d’Hëllef an Usproch huele, bezuele meeschtens guer näischt, well d’Länner, déi d’Hëllef schécken, de Rescht iwwerhuelen. Et ass schéin ze gesinn, wéi d’Solidaritéit hei funktionéiert." 

De Centre selwer funktionéiert aleng op Demande, ënnersträicht d’Cheffin vum ERCC.

"Et ass ëmmer d’Decisioun vum Land, wat Ënnerstëtzung ufreet, wéini a wouhi Fligeren oder Ekippe kommen. Alles leeft ënner dem Kommando vun deem Land, well dat weess am beschte wat gebraucht gëtt."

Risiko-Aschätzung mat der Hëllef vum Kopernikus-System

Am Zentrum zu Bréissel sinn och Experten, déi mat der Hëllef vum Kopernikus-Satellittesystem d’Feieren analyséieren. Si machen dat iwwer déi ganz Saison vun de Bëschfeieren, déi dëst Joer besonnesch fréi,nämlech schonn am Abrëll ugefaangen huet.

"Mir kënnen evaluéieren wéi ee Potential ee Feier bannent de nächsten Deeg huet", esou de Moises Galan-Santano, dee selwer Pompjee ass an am Centre als ee vun de Bëschbränn Experten d’Satellitte-Kaarten auswäert.

Och d’Gefor fir West-Däitschland an d’Benelux-Länner géif an de nächsten Deeg klammen, erkläert den Expert.

Fligeren a Pompjeeë ginn net duer 

D’Gefor ass dëst Joer méi grouss, well et sech ëm méi groussflächeg Bränn handelt, erkläert iwwerdeems de Borja Miguelez.

"Verschidde Feieren hunn esou eng Kraaft, déi si kaum an de Grëff ze kréien. Mir mussen dorop an Zukunft anescht entwäerte, Fligeren oder Pompjee ginn do net duer."

Eng integréiert Approche mat virop engem anere Bësch-Management wier essenziell, do si sech d’Experten eens. Dat heescht och deels Beem an Ënnerholz ewechhaen, de Bësch méi op maachen. Dat muss net am Widdersproch mat engem Naturbësch stoen.

"Et geet drëm, eng Balance ze fannen. Et muss een op alle Fall agesinn, datt virun allem d’Feier ee Risiko fir de Bësch duerstellt. Domat musse mir eis ausenee setzen."

Dat awer, also de Bësch-Management ass um Enn, eng national Kompetenz, stellt den Expert fest. Et ass also un de Memberlänner selwer präventiv Moossnamen ze huelen, fir an Zukunft Feiere vun deem Ausmooss ze verhënneren.

Lauschtert hei de ganze Reportage vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.