Radioen

On air

9 bis 1  |  Khruangbin - Hold Me Up (Thank You)

play_arrow Live
search

/ Noutstand op de Seychellen ausgeruff

Seychellen

Noutstand op de Seychellen ausgeruff

Op de Seychellen ass den Noutstand ausgeruff ginn. Et gouf eng Explosioun an engem Lager vun enger Baufirma an Iwwerschwemmunge mat engem Äerdrutsch op der Vakanzeninsel. Op d‘mannst 66 Mënsche si bei der Explosioun blesséiert ginn, huet de President vum Inselstaat am Indeschen Ozean confirméiert.

auto_stories

1 min

Zu den Iwwerschwemmunge koum et no schroem Reen, am Norde vun der gréisster Insel Mahé, wou et och eng Bullislawin gouf.

D‘Awunner goufen opgeruff, doheem ze bleiwen, och d‘Schoule sinn zou, fir d‘Stroosse fräi ze hale fir d‘Rettungsdéngschter.

Ostafrika an den Indeschen Ozean sinn zanter Woche scho vu ganz schroem Reen an Iwwerschwemmunge betraff, déi op de Klimaphenomen El Niño zréckzeféiere sinn. Iwwert eng Millioun Mënschen hunn a Somalia missten hir Haiser verloossen, an der Regioun sinn eng 300 Leit ëm d‘Liewe komm.