arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Norwegen beschlagnaamt russescht Croisière-Schëff an der Arktis

International

|
reading time

1 min

Norwegen beschlagnaamt russescht Croisière-Schëff an der Arktis

Op Initiativ vum staatlechen ukraineschen Energiekonzern Naftogaz huet Norwegen an der Arktis ee russescht Croisièreschëff beschlagnaamt. Den Energiekonzern wëllt domat eng Decisioun vun engem Schidsgeriicht duerchsetzen.

reading time

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Olaf Krüger
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Olaf Krüger)

D’Geriicht fuerdert vu Russland ronn 4,2 Milliarden US-Dollar, als Ausgläich fir Verméigen, déi Moskau op där annektéierter ukrainescher Hallefinsel Krim confisquéiert huet. Moskau ass der Fuerderung bis elo net nokomm.