search

/ 220 Millioune fir Nordstadfusioun: Dat wier "héich gegraff", mengt den Inneminister

Lokal

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

220 Millioune fir Nordstadfusioun: Dat wier "héich gegraff", mengt den Inneminister

Déi véier Nordstadgemenge si prett fir op de Wee vun enger Fusioun ze goen. Dat allerdéngs nëmme wann d’Regierung hinnen och déi néideg finanziell Moyene gëtt. Dat sot de Buergermeeschter vun Ierpeldeng a Porte parole vun den Nordstadgemengen, Claude Gleis, de Moien op Nofro hin.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Nordstad | © Chris Zeien
Nordstad (Foto: Chris Zeien)

Et gouf eng wieder Etapp en vue vun der Nordstad-Fusioun geholl. E Méindeg haten déi véier Gemengeréit vun Dikrech, Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng-Sauer sech fir déi nächst Etapp vun dëser Fusioun ausgeschwat.

Gestëmmt gouf eng Absichtserklärung fir datt déi weider Etappe vun der Fusioun kënnen ëmgesat ginn, esou de Claude Gleis, Buergermeeschter vun Ierpeldeng op der Sauer a Porte-parole vun de Nordstadgemengen.

Nordstadfusioun wier een nationale Projet

D’Fusioun soll deemno am Oktober 2029 no de Gemengewalen ëmgesat ginn. Nächst Joer gëtt e Referendum an de véier Gemengen organiséiert. Duerno soll iwwer eng Konventioun den techneschen Detail vun der Zesummenaarbecht gekläert ginn. An enger Motioun, déi e Méindeg vun de véier Gemenge gestëmmt gouf, verlaange si allerdéngs weider finanziell Ressourcen als Conditioun.

Genannt gëtt d‘Zomm vun 10.000 Euro pro Awunner, wat de Staat 220 Millioune géif kaschten. De Projet Nordstad wier en nationale Projet vun der Landesplanung, deen och esou muss finanziell begleet ginn, fuerdert de Claude Gleis.

"Fir déi Fusioun hei ze realiséieren, brauche mir effektiv ee staarke finanzielle Soutien. An effektiv hu mer elo do mat der Resolutioun hu mer gesot, wa mer dee Soutien elo net kréie vun der Regierung, da kann dat dee ganze Prozess a Fro stellen. Dat ass och ganz kloer esou."

220 Millioune wieren "héich gegraff"

Den Inneminister Léon Gloden huet op eis Nofro hin erkläert, datt seng Prioritéit ass, datt sech déi véier Gemengen als Deel vun engem grousse Projet gesinn. Datt deen och e finanzielle Support bräicht, wier him als fréiere Gemengepapp bewosst, mee: 

"220 Milliounen ass awer héich gegraff. Do muss een de Verglach maache mat anere Gemengen, déi an där Gréisstenuerdnung sinn."

Elo sollt ee sech zesummesetze fir iwwer d'Finanzen ze schwätzen, esou de Léon Gloden. 

"Et si vill Aspekter dran. Et ass de Fusiounsfong an et ass eeben de Finanzement vun de verschidde Projeten."

Well déi ganz Finanzenveloppe och d‘Ressorte vun anerer Ministèrë betreffen, wëllt den Inneminister sech am September mat de Ministeren a Buergermeeschter gesinn ad sollen di finanziell Froe gekläert ginn.

play_arrow Lauschteren