D‘Rosebank gëllt als dat gréisste Pëtrolsfeld a brittesche Gewässer, dat nach net erschloss ass. Do sollen elo 69.000 Barrel Pëtrol pro Dag erausgeholl ginn. Schaarf Kritik kënnt vu Klimaschützer, de konservative Premier Rishi Sunak argumentéiert awer, datt eege Ressourcë gebraucht ginn, fir d‘Energietransitioun, an datt déi Buerungen am Aklang mam Zil vu Groussbritannien sinn, bis 2050 klimaneutral ze ginn.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Nordséi: Groussbritannien gëtt Accord fir ëmstridde Pëtrolsbuerungen
Ëmwelt
Nordséi: Groussbritannien gëtt Accord fir ëmstridde Pëtrolsbuerungen
Et geet ëm d‘Rosebank-Pëtrolsfeld an engem Gebitt nordwestlech vun de Shetland-Inselen. Zwou Pëtrolsgesellschaften hunn elo vun der zoustänneger Administratioun zu London d‘Autorisatioun kritt, fir do no Pëtrol ze bueren.
auto_stories
1 min
![Rishi Sunak | © picture alliance / Photoshot | - Rishi Sunak | © picture alliance / Photoshot | -](/_default_upload_bucket/62056/image-thumb__62056__base_thumbnail/Rishi%20Sunak%20picture%20alliance%20Photoshot.3fa321c3.jpg)
Rishi Sunak (Foto: picture alliance / Photoshot | -)