Nordkorea wäert ëmmer un der Säit vu Russland stoen, dat hätt de Kim Jong Un de Moien dem Wladimir Putin verséchert, esou déi russesch Televisioun. De nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un an de russesche President hunn sech de Moien op der Weltraum-Gare Baikonur, am Oste vu Russland getraff.
Kim Jong Un a Wladimir Putin (Foto: picture alliance / Russian Look | Mikhail Metzel Kremlin Pool)
De Kreml huet e Video publizéiert wou déi zwee sech d’Hand ginn. Et ass di éischt Visitte vum nordkoreaneschen Diktator a Russland zanter 2019. Bei de Gespréicher géif et, ënner anerem, ëm Rakéitentechnik goen. Nordkorea schafft zanter Joren un engem eegenen Atom- a Rakéiteprogramm a mécht reegelméisseg Tester.
Et gëtt erwaart, datt och iwwer Waffegeschäfter diskutéiert gëtt. Russland wéilt vun Nordkorea Waffen a Munitioun kafe fir de Krich an der Ukrain.
Mir benotze Cookien an aner Technologië fir Iech personaliséierte Contenu unzeweisen. Andeems Dir op OK klickt, erkläert Dir Iech domat averstanen.