Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sozialpartner presentéieren hir Fuerderungen

OGBL, LCGB, CGFP an UEL zu Senneng

D'Sozialpartner presentéieren hir Fuerderungen

De Formateur Luc Frieden an d’Verhandlungsdelegatioune vun CSV an DP hu - wéi annoncéiert - zu Senneng getrennt mat de Sozialpartner geschwat. De Patronatsdaachverband UEL an d’Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP hu bei de Sitzunge vun all Kéier ronn annerhallwer Stonn hir Fuerderunge presentéiert. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Vertrieder vun de Gewerkschaften zu Senneng am Schlass. | © Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Den OGBL huet dobäi d’Aarbechtsrecht, d’Lounpolitik, den Index an ënnert anerem de Logement thematiséiert, esou d’Presidentin Nora Back no der Sitzung mat CSV an DP. Elo wéilt een der neier Regierung eng Chance ginn, an et géif een hoffen, datt se op d’Gewerkschaft lauschtert.


"Mir si ganz frou, datt si de Moien e puer Mol betount hunn dobannen, datt si ganz grousse Wäert op de Sozialdialog leeën, an och op d’Instrument vun der Tripartite zréck gräifen, wann et noutwenneg ass an eis wëlle mat abezéien an d’Prozesser."


Och dem LCGB geet et virun allem ëm de Sozialdialog, an dorëm, datt et séier eng nei, stabil Regierung gëtt, huet de President Patrick Dury erkläert.


"Well wann ee jo gesäit wéi d’Problemer do leien, ech huelen hei nëmmen de Logement, sou gutt d’Beschäftegung am Bau. Den Accès zum Logement fir d’Leit: dat ass fir eis eng Fro vun der sozialer Gerechtegkeet."


Den ëffentlechen Déngscht an d’Steierpolitik huet de CGFP-President Romain Wolff als Haaptprioritéite vu senger Gewerkschaft beim Gespréich de Moien zu Senneng genannt.


"D’Steierreform, déi jo elo laang ugekënnegt ginn ass, a wou elo eigentlech de Moment komm ass, wou och eppes misst ënnerholl ginn."


D’Vertrieder vum Patronatsdaachverband ware vum Formateur Luc Frieden gefrot ginn, haut spezifesch iwwert d’Investmentfongen ze schwätzen, esou den UEL-President Michel Reckinger. Aner Prioritéite waren och hei de Logement respektiv de Bausecteur.


"D’Constructioun läit um Buedem. Mir riskéieren an den nächste Méint do massiv Entreprisen ze verléieren, Chômage ze kréien. Dat ass ee fundamentale Problem."


Dem Michel Reckinger no, géifen et an dësem Beräich kuerzfristeg Mesurë ginn, déi déi nei Regierung kéint decidéieren, ouni Gesetzer mussen ze änneren.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft