Radioen

On air

Spektrum  |  Kwes. - Open Up Feat. Sampha & Tirzah

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom ESC ass virum ESC: De Bilan vun der Lëtzebuerger Participatioun zu Malmö

Eurovision Song Contest

Nom ESC ass virum ESC: De Bilan vun der Lëtzebuerger Participatioun zu Malmö

Den Eurovision Song Contest ass e Samschden no der grousser Finall zu Malmö op een Enn komm. Mir zéie mam Sophie Schroeder, dat eng Woch laang fir eis zu Malmö war, nach ee mol ee Bilan vun der Lëtzebuerger Participatioun a kucken och op d'nächst Joer.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

D'TALI op der grousser ESC-Bün zu Malmö. | © Sara Louise Bennett play_arrow
D'TALI op der grousser ESC-Bün zu Malmö. (Foto: Sara Louise Bennett)

Mat der 13. Plaz wier ee méi wéi zefridden. Dat soten d’Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun. Nodeems Lëtzebuerg iwwer 30 Joer laang net méi dobäi war, huet ee misse bei Null ufänken. Lo stellt sech natierlech d’Fro: ass Lëtzebuerg och d’nächst Joer erëm dobäi? 

Déi kuerz Äntwert: Jo. D’Konventioun tëschent RTL an dem Staat gesäit vir, datt Lëtzebuerg och déi nächst Joren erëm matmécht. Dat esou laang bis datt ee vun den zwee Partner dat net méi wéilt. Dat huet den David Gloesener erkläert, ee vun de Cheffe vun der Lëtzebuerger Delegatioun. Hien ass fir d’Kommunikatioun tëschent RTL an der Regierung am Kader vum ESC verantwortlech.

A mat dësem Resultat stéingen d’Chancë ganz gutt, datt Lëtzebuerg och d’nächst Joer erëm um ESC vertrueden ass. Bis elo hätt ee scho positive Feedback vun der Regierung kritt.

Et wier och scho quasi sécher, datt den nationale Virentscheed erëm am Kader vun engem Luxembourg Song Contest organiséiert wäert ginn, mat awer e puer Adaptatiounen, déi den David Gloesener nach net verrode konnt.

Wat ass de Käschtepunkt vun enger ESC-Participatioun?

Den Eurovision Song Contest gehéiert zu deene gréisste Museksconcourse weltwäit. Mee wéi vill huet et de Lëtzebuerger Staat iwwerhaapt kascht fir do matzemaachen?

Fir dee ganze Projet gouf et ee Budget prévisionnel vun 1,1 Milliounen Euro. Déi Lëtzebuerger Delegatioun mécht awer deemnächst nach dee genaue Bilan zesumme mat der Regierung, wou een da gewuer gëtt, ob dee Budget iwwerschratt gouf oder net.

Zu de Käschten, déi ee Land muss ausginn, fir um ESC deelzehuelen, gehéieren nieft de Produktiounskäschte fir den nationale Virentscheed, den Ausgaben fir de ganzen Optrëtt selwer (also Choreografie, Luuchten, Konzeptioun vum Bünendesign) den Honorairë fir all concernéiert Mataarbechter, och nach d’Participatiounstaxen un d’EBU. An déi variéiert bei all Land, jee no Gréisst vun der zoustänneger Tëleeschaîne.

Déi sougenannten “Big 5” bezuelen hei am meeschten. Dat sinn Däitschland, Frankräich, Spuenien, Italien a Groussbritannien. Si sinn doduerch och automatesch fir d’Finall qualifizéiert. 

Fir d’Land, dat den ESC dann ausriicht, kascht et natierlech eppes méi: Do mussen nach eemol tëschent 10 an 20 Milliounen Euro dropgeluecht ginn, wat ënner anerem duerch Sponsoring erméiglecht gëtt.

Wat bréngt et Lëtzebuerg, beim ESC matzemaachen?

Och wann et relativ vill kascht fir beim ESC matzemaachen, bréngt et dem Land och zimmlech vill. Där Meenung ass den David Gloesener. Eleng schonn duerch déi riseg Plattform, déi ee Lëtzebuerger Kënschtler oder eng Lëtzebuergesch Kënschtlerin duerch den Optrëtt um ESC kritt, géif den Invest sech lounen. Ëmmerhi kucken an der Moyenne ronn 200 Millioune Mënschen d'Show live op der Tëlee.

Siele géif ee Lëtzebuerger Artist esou eng Couverture kréien, wéi dat hei de Fall ass, sou nach den David Gloesener. An natierlech géif duerch d’Participatioun um ESC och d’Visibilitéit vu Lëtzebuerg wuessen.

Lauschterenplay_arrow