Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Nom Drëtten Dag Koalitiounsverhandlungen: Triple AAA net a Fro stellen

Koalitiounsverhandlungen

Nom Drëtten Dag Koalitiounsverhandlungen: Triple AAA net a Fro stellen

Déi ekonomesch Situatioun zu Lëtzebuerg wier ganz schwiereg, sot de Formateur Luc Frieden gëschter virun der Presse, nom drëtten Dag vun de Koalitiounsverhandlungen. D’Zuelen, déi de Statec virgëscht zu Senneng virgestallt hat, géifen op eng eventuell ekonomesch Stagnatioun oder esou guer Rezessioun hindeiten, esou de Luc Frieden. 

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Wat dat fir déi vun der CSV versprache Steierbaisse bedeit, wollt hien net soen. Wann d’Regierung a ronn zwee Méint steet, hätt een eng besser Iwwersiicht, sou de Formateur. Als bis elo eenzeg Decisioun hätten d’Verhandlungsdelegatioune vun CSV an DP awer schonn decidéiert, eng Politik ze maachen, déi den Triple AAA vu Lëtzebuerg net a Fro stellt.

Gëschter waren d‘Directrice vun der ADEM a Vertrieder vun der Caritas a Croix Rouge op Senneng invitéiert. D‘Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs sot, de Problem vun der Aarmut kéint nëmme geléist ginn, wann och de Problem vum Logement geléist gëtt.

E Méindeg si Vetrieder vun de Gewerkschaften, Patronat an Ëmweltschutz op Senneng invitéiert. Duerno kommen d’Aarbechtsgruppen zesummen, an d’nächste Freideg ass nees eng Sëtzung am grousse Grupp zu Senneng.