Dat 11 Joer aalt Lyhanna war leschten Donneschdeg dout opfonnt ginn. Géint den Haaptverdächtege goufe schonn op d‘mannst siwe Plainte wéinst sexuellen Iwwergrëffer a Vergewaltegung vu Kanner deposéiert, ma hie gouf ni vun der Police gehéiert.
"Staat a Justiz hu versot"
Fir den Owend sinn uechter ganz Frankräich iwwer 150 Manifestatioune viru Geriichter geplangt fir op Dysfonctionnementer am Justizsystem opmierksam ze maachen. De Justizminister Gérald Darmanin huet iwwerdeems kloer gemaach, datt hien net wéinst der Affär géif demissionéieren.
Dat sot hien no enger Reunioun mat de Procureurs généraux de Moien. De Gérald Darmanin huet awer zouginn, datt de Staat an d‘Justiz terribel versot hätten. Hien huet d‘Magistraten zu enger genereller Mobilisatioun opgeruff.
“Pour que nous puissions faire la vérité des chiffres en français, sur ce qui ne s'est pas bien passé dans l'affaire de Lyanna, mais sur ce qui se passe mal et justement ailleurs. Est-ce que l'affaire Lyanna est une affaire de défaillance ponctuelle? Est-ce que c'est un mauvais processus mortel qui nous amène là où nous en sommes? Où est-ce qu'il y a, de façon plus systémique, de très nombreuses affaires comme celle-ci dans les cours d'appel et dans les parquets en France? C'est l'inspection qui le dira, et c'est le travail que font les procureurs généraux, et je ferai toute la vérité sans rien à cacher aux Français.”
D‘Procureurs généraux hu bis de 14. Juli Zäit fir ze kucken, ob all d‘Plainten an Zesummenhang mat Kanner (ronn 70.000) korrekt traitéiert goufen.