Radioen

On air

Concert  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nohaltege Bëtong: Geet dat?

Gesellschaft

Nohaltege Bëtong: Geet dat?

Ouni Bëtong geet um Bau meeschtens näischt. D’Mëschung aus Zement, Waasser a Gestengskäre gëtt fir Plaffongen, Maueren oder och Piliere benotzt. Et ass dacks e wichtegt Fundament. Mee Bëtong huet awer och en Nodeel. Bei der Produktioun vun deem Baumaterial gëtt vill klimaschiedlechen CO2 ausgestouss. 

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© SOLID play_arrow

De Kellerbuedem vun engem grousse Bëtongswierk zu Ierpeldeng op der Sauer ass naass. D'Waasser vum gewäschene Sand oder Kisel drëpst vun uewen erof. Hei ginn d'Gestengskären ofgewien. De Besëtzer vu Solid Beton Marco Junk erkläert.

"Die Stoffe werden rezeptspezifisch abgewogen und über die Wiegebänder in den sogenannten Beschicker transportiert. Der Beschicker fährt gleich hoch zum Mischer, wo dann der eigentliche Beton hergestellt wird."

Ënnerschiddleche Bëtong fir ënnerschiddlech Zwecker

Dofir ginn d'Gestengskäre mam Zement a mat Waasser vermëscht. Déi fäerdeg Mëschung kënnt direkt an de Camion. Do gëtt se konstant weider gemëscht. Stockéiere kann een de Bëtong net, soss trennen sech d’Rostoffer. Aus enger Zort Triichter fléisst déi gemëschte Mass dann direkt an de Camion, erkläert de Gerant vum Bëtongswierk André Tuchtenhagen.

Mee Bëtong ass net gläich Bëtong. Et ginn nämlech iwwer 100 Zorten, déi op Bestellung hiergestallt ginn. Eng baussent Mauer vun engem Gebai brauch nämlech een anere Bëtong wéi de Plaffong zum Beispill.

40 Vollen tëschent Lissabon a Frankfurt

Esou wéi bei deene meeschten Industrieprozesser entsteet och bei der Bëtongsproduktioun ëmweltschiedleche CO2. Ofhängeg vun der Zort ënnerschiddlech vill, seet de Marco Junk. Duerchschnëttlech sinn et ronn 80 Tonnen CO2 den Dag. An dat eleng bei dësem Bëtongswierk. Hei e Verglach: 80 Tonnen CO2 entspriechen. ongeféier 40 Mol dem Vol vu Lissabon op Frankfurt hin an zeréck.

Fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren entwéckelt de Bëtongsproduzent grad eng méi ëmweltfrëndlech Zort Bëtong. An andeems hie Recyclingbaustoffer benotzt. Esou soll den CO2-Ausstouss ëm 30 Prozent reduzéiert ginn. Am Verglach wieren dat dann nëmmen nach 28 Mol de Flug vu Lissabon hin an zeréck amplaz vu 40 Mol.

Zouene Kreeslaf

D'Recylclingsbaustoffer si sougenannten Abbruchmaterialien, déi beim Ofrappe vu Gebaier entstinn, erkläert de Marco Junk.

"Die werden bei uns vor Ort gebrochen und gesiebt und in betongtaugleches Material sozusagen verwandelt."

Fir méi ëmweltfrëndlech produzéieren ze kënnen, benotzt Solid Beton och gesammelt Reewaasser, dat dann nees an d'Produktioun integréiert gëtt. En zouene Kreeslaf, mengt den André Tuchtenhagen. D'Reewaasser gëtt gesammelt an an der Produktioun benotzt. Eng Anlag filtert d'Waasser, dat nach vill Bulli huet.

Nach ass dee méi ëmweltfrëndleche Bëtong an der Testphas. De Marco Junk an den André Tuchtenhagen hoffen, datt den neie Bëtong vum Fréijoer 2025 un op de Baustelle kann agesat ginn.

Lauschterenplay_arrow