De Ree wier batter néideg an et wier frou iwwer all d’Drëps. D‘Uebstbeem an d‘Planzen hätten ënnert den héijen Temperaturen, an den dréchene Biedem gelidden.
Den Uebstbeem géif d'Dréchent manner ausmaachen, wéi beispillsweis den Äerdbieren, well hir Wuerzele bis déif an de Buedem ginn. Dat heescht alles wat Quetschen, Kiischten, Mirabellen, Äppel a Bieren ugeet, géif sech de Schued a Grenzen halen.
Uebst méi kleng wéi erwaart
Am Fréijoer hätt sech ee ganz gutt Joer fir den d’Uebstbau ugekënnegt.
“Well am Fréijoer alles relativ gepasst huet, bei der Befruchtung, bei der Bléi, dat war alles relativ gutt.”
D’Uebst un de Beem wier elo awer méi kleng gi wéi erwaart. Iwwerdeems kéinte beispillsweis Äppel, och Sonnebrand kréien. Duerch déi héich Sonnenastralung verbrennt d’Uebst um Bam a fault dann. Dës Friichte kéint een och net méi fir Jus benotzen.
Bewässerung war schwiereg
De Jean-Claude Muller fäert, datt sech déi richteg Schied réischt d’nächst Joer weisen. E Bam géif an éischter Linn probéieren ze iwwerliewen, a säin Uebst ze halen. Fir d’Knospebildung bléift hei warscheinlech keng Energie.
“Well de Bam leet elo am September ongeféier, seng Blütenanlage fir d'nächst Joer un, déi gesäit een net, déi ass am Holz”
Wat Bewässerung ugeet wier een och u seng Limitte komm. Engersäits well d’Tröpfchenbewässerung bei Temperature vu bal 40 Grad net méi wierklech effikass ass. D’Waasser verdonst méi séier wéi ee kucke kann. Ma och de Käschtepunkt wier extrem héich, dat well d’Uebstbaueren hei am Land mat Drénkwaasser nätzen.
Waasser am Wanter opfänken
Fir de President vum Landesuebstbauveräin misst ee Reewaasser an de Wanterméint kënnen opfänken, an a grousse Bassengen fir de Summer stockéieren. Eng Partie Pilotprojete lafen hei schonn, ma et géif net séier genuch viru goen - an eng richteg Léisung wier och nach net fonnt.
“Et sinn zwee Ministèren, déi do dru sinn un deene Pilotprojeten. Et ass den Ëmweltministère, an de Landwirtschaftsministère, awer jo, et schleeft awer e bësse viru sech hin an déi richteg Léisunge sinn awer net um Dësch.”
D’Argument, datt duerch esou Opfangbecke, d’Reewaasser net an d’Grondwaasser fléisst léist de Jean-Claude Muller net gëllen. Et kéint een d’Waasser jo vun Diecher opfänken.
"Dat Waasser, wat haut op en Daach an enger Industriezon zum Beispill fält, dat sickert souwisou net an de Buedem an. Dat leeft eventuell vläicht an eng Bach."
Am Wanter bei Héichwaasser, wann de Buedem souwisou kee Ree méi ophuele kann, wier och e gudde Moment fir Waasser, fir den Uebstbau, opzefänken.
Onsécher Zukunft
De Jean-Claude Muller, bedreift en Haff zu Contern an der sechster Generatioun. Op d’Fro ob hie senge Kanner géif uroden am Geschäft ze bleiwen, sot hien, hien géif hinnen fräi iwwerloosse wéi een Beruffswee, si wéilten aschloen.
“Also eis Kanner entscheede selwer, ob se dat wëllen oder net. Dat fannen ech emol e ganz, ganz wichtege Punkt”
De Beruff vum Bauer wier ee vun deene schéinste Beruffer, déi et gëtt. Mëttlerweil wier et awer och ee vun den erausfuerderendste Beruffer. Hien appelléiert un d’Politik e kloer Kader ze schafen, an dem ee laangfristeg plange kann, an enger gewësse Stabilitéit a Sécherheet huet.