search

/ No schlechtem PISA-Resultat: De Claude Meisch hëlt och d'Elteren an d'Flicht

Educatioun

|
reading time

6 min

headphones

15 min

play_arrow

No schlechtem PISA-Resultat: De Claude Meisch hëlt och d'Elteren an d'Flicht

"Mir musse kucken, wat all Mamm, all Papp dozou bäidroe kann, fir dat doten ze verbesseren", seet den Educatiounsminister Claude Meisch nom schlechte PISA-Resultat. Fir hien ass nämlech kloer: D'Schoul kënnt iergendwann och un hir Limitten.

reading time

6 min

headphones

15 min

play_arrow
De Claude Meisch | © Radio 100,7
De Claude Meisch (Foto: Radio 100,7)

Nodeems Lëtzebuerg bei der leschter Editioun 2022 net deelgeholl hat war et gëschter nees esouwäit: D’Resultater vun der PISA-Etüd si publizéiert ginn.

Déi sollen d’Leeschtunge vun de Schülerinnen a Schüler mat hirem schouleschen an ausserschouleschem Ëmfeld a Relatioun setzen, esou wéi d’Schoulsystemer international ënnertenee vergläichen.

D’Lëtzebuerger Resultat fält allerdéngs schlecht aus: An der Etüd, déi 2025 duerchgefouert ginn ass, leien déi Lëtzebuerger Schüler:innen an alle klassesche Beräicher vergläichsweis schlecht of a leien domat ënner der Moyenne vun den OECD-Länner.

Virun allem d'Lieskompetenze maache Suergen

Ronn 6.000 Schüler:innen tëschent 15 a 16 Joer aus alle Lëtzebuerger 49 Lycéeën hunn un der PISA-Etüd 2025 deelgeholl.

An enger éischter Reaktioun sot den DP-Educatiounsminister Claude Meisch, datt déi nei PISA-Resultater missten eescht geholl ginn. Virun allem de Réckgang bei de Lieskompetenze vun de Schüler:innen zu Lëtzebuerg mécht him Suergen.

Méi wéi een Drëttel vun de Schüler:innen hu just den niddregste Kompetenzniveau, dee gebraucht gëtt, fir an der Gesellschaft an am Beruffsliewen eens ze ginn.

Wéi awer geet et elo virun? Wéi kritt een d’Schüler:innen nees dozou, méi ze liesen?

Ëmdenke bei der Evaluatioun muss stattfannen, esou de Claude Meisch

De Claude Meisch seet am 100,7-Interview, datt et kee Patentrezept dofir géing ginn. D’Konkurrenz zum Liese wier staark: Sozial Medien, den Handy, kleng Filmercher lénks a riets.

Dat misst och an der Schoul zu engem Ëmdenke féieren. Et géing nämlech net duergoen, elo nach ee Buch méi op de Programm ze setzen, mengt den Educatiounsminister. D’KI späizt de Schüler:inne jo souwisou de perfekte Resumé raus.

“Wéi evaluéiere mir? Wéi fanne mir raus, ob d’Schüler et gelies hunn oder net? Do musse mir nach ëmdenken. Mir mussen awer och kucken, dat ass eng Aufgab vun der Schoul, de Schüler Sujeten ze ginn, déi si gären hunn, déi si intresséieren.”

All Mamm a Papp muss sech och a Fro stellen

An trotzdeem ass fir de Claude Meisch och kloer, datt d’Schoul och hir Limitten huet. Et misst een eng gesellschaftlech Debatt ustoussen, mengt den DP-Politiker.

Bekannt ass, datt de sozioekonomeschen Hannergrond vun den Elteren e groussen Afloss op d’Schüler:innen huet. Sinn d’Eltere méi doheem fir hir Kanner gëtt vläit méi zesumme gelies an deemno sinn d’Lieskompetenze beim Schüler oder der Schülerinn och méi héich.

Dat sinn awer Facteuren, déi den Educatiounsministère net beaflosse kann, betount de Minister.

“Mir hu 36 Woche Schoul am Joer an 30 Stonne Schoul pro Woch. Ausserhalb dovun hu mir wéineg Afloss. Dofir soen ech: Mir kënnen net just kucken, wat an der Schoul geschitt. Dat musse mir maachen. Mee mir sollten och doriwwer eraus goen a kucken, wat all Erwuessene, all Mamm all Papp, kann dozou bäidroen, fir dat doten ze verbesseren.”

Brauch et e méi strengt Handyverbuet?

Ee positive Constat war, datt den Ënnerscheed tëschent Schüler:inne mat an ouni Migratiounshannergrond méi kleng ginn ass. Ob dat awer doru läit, datt Schüler:inne mat Migratiounshannergrond méi staark gi sinn, oder déi ouni Migratiounshannergrond méi schwaach, kéint een nach net soen.

Fakt wier awer, datt d’Schoullandschaft eng méi breet Sproochenoffer ze bidden huet an deemno besser domadder eens gëtt, Schüler:innen aus engem frieme Schoulsystem ze integréieren, seet de Claude Meisch.

Een Dar am An ass a bleift awer och déi exzessiv Notzung vum Handy – innerhalb wéi och ausserhalb vun der Schoul. De Minister ass sech sécher, datt déi en negativen Afloss op d’Leeschtung vun de Schüler:innen huet. Dofir wëllt hien e méi strengt Handyverbuet mat alle Bedeelegten diskutéieren.

De Minister hëlt d'Elteren eng zweete Kéier an d'Flicht

Bei der Etüd aus dem Joer 2022 hätt ee schonn éischt Unzeechen international gesinn, datt den Handy en negativen Impakt op d’Kompetenzentwécklung huet. Bei der leschter Etüd hätt een elo gesinn, datt den Handy fort leeën eleng net duergeet.

D’Konzentratiounsfäegkeet bei de Schüler:inne muss nees zeréckkommen. Dofir riicht de Claude Meisch sech och net just un d’Schüler:innen.

“Et ass och de klore Message un d’Elteren. Well et ass net just an der Schoul, wou dat dote gëllt. An ech denken, wa mir méi eng strikt Reegel an der Schoul hunn, datt d’Eltere sech bewosst ginn datt et och un hinnen ass, fir doheem anzegräifen.”

E puer Conclusiounen, déi een direkt zéie kann

Allgemeng kéint een awer een Dag no der Publicatioun vun der Etüd net all Conclusiounen zéien. Dofir huet de Claude Meisch Elteren an Enseignanten dozou invitéiert, d’Resultater zesummen ze analyséieren.

Ee Beräich, an deem een zimmlech séier awer eng Conclusioun zéie kann, ass d’Sproochesituatioun. Et schéngt kloer ze sinn, datt d’Schüler:inne sech méi wuel spieren an enger Sprooch ofgefrot ze ginn, déi hinne méi no ass.

42 Prozent vun de gefrote Schüler:innen hu Franséisch als Questionnaires-Sprooch gewielt obwuel si Däitsch als Unterrechtssproch hunn.

Eng wieder kloer Ausso kënnt vun de Schüler:inne selwer: 1 vun 3 hält d’Schoul fir rengen Zäitverloscht. “Dat ass krass”, fënnt de Claude Meisch. Bei e puer Aussoen aus der Etüd géing een erféieren.

D’Enseignantë soen, datt d’Schüler:inne keng Loscht méi hunn, an der Schoul ze sinn. D’Schüler:inne soen, datt d’Enseignantë si net motivéiert kréien. Et ass dem Claude Meisch no en Däiwelskrees, aus deem een eraus muss kommen.

PISA hält der Gesellschaft an dem Schoulsystem "de Spigel vir"

Wéi fiabel awer ass d’Resultat? Et héiert een ëmmer erëm, datt d’Schüler:innen déi Tester net onbedéngt ganz eescht huele – schliisslech ziele se jo net fir d’Zensur.

Den Educatiounsminister betount, datt dat am Ausland och net vill aneschters wier. An awer sollt ee sech net speziell op esou ee PISA-Test preparéieren, “well da géinge mir eis selwer beléien.”

PISA wier schonn eppes Vergläichbares, mengt de Claude Meisch. Virun allem awer géing et dem Schoulsystem an der Gesellschaft de Spigel virhalen.

Huet d'Bildung u gesellschaftlechem Stellewäert verluer?

Iwwerdeems mengt den DP-Politiker och, datt d’Bildung innerhalb vun der Gesellschaft u Wäert verluer huet. Fréier war Bildung wichteg, well et de Kanner besser sollt goe wéi den Elteren, an et zu gesellschaftlechem Zesummeschloss geféiert huet.

“An de 70er, 80er Jore war dat nach den Usproch vun de breede Bevëlkerungsschichten un d’Schoul.”

Vläicht hätten déi rezent schlecht Resultater bei de PISA-Etüden zu enger Desillusioun geféiert, mengt de Claude Meisch. An awer dierft een d’Hoffnung elo net verléieren.

play_arrow Lauschteren