Elo kënnt staark Kritick op de Jens Spahn zou - An dat aus der eegener Partei.
Den CDU-Chef aus Mecklenburg-Vorpommern, den Daniel, Peters, sot elo vis à vis vun der Bild, datt de Jens Spahn net méi drobar wier an zerécktriede misst. Och d‘Oppositioun schwätzt vun Duebel-Standarden.
CDU-Spëtzt wëll sech mam Sujet befaassen
Nodeem sech de Bundeskanzler Friedrich Merz an den CSU-Chef Markus Söder ugangs net zur Situatioun äussere wollten, huet de Friedrich Metz elo matgedeelt, datt d'CDU-Spëtzt sech mam Sujet befaasse wéilt.
De Jens Spahn handelt widderspréchlech
2015 sot de Jens Spahn nach dat hei zu enger Leihmutterschaft.
"Als schwuler Mann und Christ kann ich mich persönlich nur sehr schwer mit der Idee eines gemieteten Mutterbauchs anfreunden."
Och 2021, wou de Jens Spahn nach däitsche Gersondheetsminister war, huet hien op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt de Sënn vum Verbuet vun enger Leihmutterschaft an Däitschland "primär in der Wahrnehmung des Kindeswohls" leie géing.