arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: Bis zu dräi Indextranche méiglech wa Konflikt am Noen Osten undauert

Tripartite

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Tripartite: Bis zu dräi Indextranche méiglech wa Konflikt am Noen Osten undauert

Sollt de Konflikt am Noen Osten  Enn des Mount ophalen, da wier den Impakt fir d’Ekonomie a fir d’Kaafkraaft relativ iwwersiichtlech, esou de Statec. Sollt e bis zum Schluss vum Summer daueren, da kéint d’Inflatioun bis op 6% klammen, wat dann zum Déclenchement vun 3 Indextranche géif féieren.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
De Premier Luc Frieden | © Carole Schimmer
De Premier Luc Frieden (Foto: Carole Schimmer)

Wann den Zenario, wéi de Statec en an der éischter Tripartiteronn opgezeechent huet antrëfft, da wier déi éischt Indextranche am Juni fälleg. Eng zweet géif am drëtten Trimester dëst Joer erfalen an déi drëtt am Summer d'nächst Joer. 

De STATEC huet zwee Zeenarie virgestallt, erkläert de Premier Luc Frieden. An dee géif dovun ofhänken, ob de Krich am Noen Osten nach laang dauert oder net. 

"An engem kuerze Konflikt ass d'Inflatioun bei eppes dräi Prozent, bei engem laange Konflikt ass se sechs Prozent. An da verweisen ech op d'Conclusioune vum Statec, wéi déi Zenarien evoluéieren. Dës Kris wësse mer nach net wéi se sech entwéckelt." 

UEL-President weist sech erféiert

De Michel Reckinger, President vun der Patronatsorganisatioun UEL, huet sech an enger éischter Reaktioun "erféiert" gewisen iwwer déi Chifferen. 

"Dofir kann een och net soen, datt eis Vuen tëschent dem Syndikater an dem Patronat grouss anescht sinn, well dat wäert d'Repercussiounen hu souwuel op d'Entreprisë wéi op d'Leit. An elo geet et am Fong dorëms, fir ze kucke wat kënne mer maachen, datt dat, wat do op eis duerkënnt, eventuell manner schlëmm ass, doduerch datt mer et kënnen offiederen."

De Michel Reckinger  | © Carole Schimmer
De Michel Reckinger (Foto: Carole Schimmer)

De Premier Luc Frieden huet haut no der Reunioun widderholl, datt den Index-Mechanismus net a Gefor wier, ouni weider Detailer ze nennen. Hie sot weider, datt d’Zil vun der Tripartite wier fir den Impakt vum Konflikt am Noen Osten op d’Betriber an op d’Stéit ze analyséieren an ze kucke wéi een e kéint offiederen.

Vun der Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB heescht et, se géifen owes zesummen driwwer diskutéieren. 

Déi nächste Réunioun vun der Tripartite ass fir  den zweeten an drëtte Juni virgesinn.

CGFP: Energie-Steierkredit misst méi breet opgestallt ginn

D‘Staatsbeamtegewerkschaft huet an engem Communiqué reagéiert. D‘CGFP fuerdert doranner ënner anerem, datt den Energie-Steierkredit soll méi breet opgestallt ginn an datt schnell steierlech Entlaaschtunge sollen agefouert ginn.

Datt d‘Regierung eng Steierreform géif plangen, géif an der aktueller Kris ze kuerz gräifen, well d‘Effekter eréischt fréistens 2029 ze spiere wieren, heescht et. 

Déi ganz Regierung, d‘Patronat an d‘Gewerkschafte waren de Mëtteg am Konferenz-Zenter hei um Kierchbierg zesummen. De Finanzminister Gilles Roth sot virun der Reunioun, datt hie seng geplangt Steierreform net a Gefor gesäit.

Steve Heiliger (CGFP), Patrick Remakel (SNE/CGFP), Gilbert Goergen (CGFP), Romain Wolff (CGFP)  | © © SIP / Sophie Margue
Steve Heiliger (CGFP), Patrick Remakel (SNE/CGFP), Gilbert Goergen (CGFP), Romain Wolff (CGFP) (Foto: © SIP / Sophie Margue)

play_arrow Lauschteren