Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No de Corona-Joren: Gewunnechte vun de Leit hu sech drastesch geännert

Statec

No de Corona-Joren: Gewunnechte vun de Leit hu sech drastesch geännert

Zanter de Corona-Joren hunn d‘Gewunnechte vun de Leit sech drastesch geännert. Dat huet de Statec an enger neier Enquête festgestallt.

auto_stories

2 min

D'Leit ginn nees méi oft an de Restaurant, esou de Statec. (Foto: Claude Gabriel / Unsplash)

Dobäi kommen déi héich Energie- a Liewensmëttelpräisser, wat mat sech bréngt, datt verschidden Depensen iwwer dem Niveau vu virun der Pandemie leien an anerer wäit drënner bleiwen. 

Zum Beispill ginn d‘Leit rëm vill méi an d‘Restauranten, an de Boom wärend der Pandemie, fir Iessen ze bestellen, ass net ofgeklong, am Contraire: déi Gewunnecht hätt sech fest bei de Stéit installéiert, sou de Statec. Vun 2019 bis 2022 sinn d‘Iessensbestellungen ëm 56 Prozent an d‘Luucht gaangen. Par conter ginn d‘Leit manner an d‘Caféen an d‘Baren.

Och verschidden Aktivitéiten hu geännert: d‘Leit hu wärend der Pandemie rëm d‘Gesellschaftspiller a Bicher nei entdeckt an hunn déi Gewunnecht och bis haut bäibehalen. Si ginn och zanter der sanitärer Kris bal dräi Mol méi aus fir hir Hausdéieren.

Par conter sinn aner Gewunnechte wärend der Pandemie rëm verschwonn: wéi de Boom op Vëloen, Campingcaren a Roulotten, an d‘Kultur- an d‘Sportsliewen, dat staark ënnert der Pandemie gelidden hat, ass net méi sou opgeblitt, wéi virun der Pandemie. D‘Depensë fir Kultur a Sport sinn ëm 24 Prozent par rapport zu virun der Kris zréckgaangen.

Wat nach staark zougeholl huet an sech fest installéiert huet ass den Télétravail, an d‘Leit ginn och méi aus fir Renovatiounen um Haus.