De Militärspriecher hat argumentéiert, datt eleng d'Presenz vun der Hisbollah an dëser Géigend géint d'Ofkommes verstousse géif, an datt deemno all Verstouss géint d'Wafferou mat "Feier" beäntwert géif ginn. Am Ofkommes ass virgesinn, datt d'Hisbollah sech hanner dem Floss Litani ongeféier 30 Kilometer nërdlech vun der Grenz mat Israel zeréckzitt.
D'Hisbollah-Miliz huet sech dann och eng éischte Kéier zanter dem Akraafttriede vun der Wafferou ëffentlech zu Wuert gemellt. Hir Membere wiere bereet op all zukünfteg israeelesch Attacken d'selwecht ze reagéieren, fir "d‘Souveränitéit vum Libanon ze verdeedegen".
De Lëtzebuerger Ausseminister begréisst op Nofro hin den Accord fir ee Waffestëllstand an hofft, datt béid Säiten e wäerte respektéieren an, datt et een Zeeche kéint sinn, datt endlech och ee Waffestëllstand an der Gazasträif kéint kommen.