D‘USA, Frankräich, Däitschland, Italien an Groussbritannien hu sech mat Israel solidaresch erkläert. Vu Washington heescht et awer och, datt een op kee Fall Truppen an d‘Regioun géif schécken.
Iwwerdeems hunn Hamas Vertrieder ugekënnegt, datt si fir Verhandlungen op wieren, am Austausch kéinten israeelesch Geisele fräi gelooss ginn. Am Fall wou d‘Attacken op de Gaza géife weider goen, huet d‘Terrororganisatioun dermadder gedreet d‘Geiselen z‘ermorden.