search

/ No Protester: 87 Joer al Fra dierf zeréck an hir Wunneng zu Madrid

Wunnengsnout

|
reading time

2 min

No Protester: 87 Joer al Fra dierf zeréck an hir Wunneng zu Madrid

A Spuenien huet d‘Regierung elo annoncéiert, datt keng Leit méi bis 2030 aus hire Wunnengen däerfen expulséiert ginn an datt d‘Lokatioun-Kontrakter automatesch erneiert ginn. Dëst ass eng Reaktioun op d‘Masseprotester déi lescht Deeg zu Madrid.

reading time

2 min

© EPA/RODRIGO JIMENEZ
(Foto: EPA/RODRIGO JIMENEZ)

Zéngdausende Mënsche waren an de leschten Deeg op d‘Strooss gaange fir dogéint ze protestéieren, datt déi 87 Joer als Fra Maricarmen Abascal vun der Police gezwonge gouf, no 70 Joer hir Wunneng ze verloossen. Elo däerf si zeréck an hir Wunneng. Gëschter Owend wier en Accord mat der Immobilien-Agence fonnt ginn, heescht et. Virdrun hat d‘Agence behaapt, hire Bail wier net méi gülteg an d‘Fra misst dowéinst d‘Wunneng verloossen.

Zënter 1956 an der Wunneng

D'Maricarmen Abascal war 1956 mat hiren Elteren an d'Wunneng am Quartier Retiro geplënnert. Méi spéit huet si dunn de Mietvertrag vun hiren Elteren iwwerholl. Nodeems eng nei Immobilienagence d'Gebai kaaft hat, wier hire Kontrakt net méi gülteg gewiescht.

Leschte Mëttwoch war si dofir vun der Police aus der Wunneng gehäit ginn. 

Protester riichte sech géint d'Wunnengsnout am Allgemengen

D‘Masseprotester dogéint goungen iwwer de Fall vun der Senoris eraus. Zu Madrid an aner spuenesche Stied gëtt eng eng Logements-Kris, haaptsächlech wéinst héije Loyeren.

D‘Demonstrante fuerdere Mesuren dogéint vun der Regierung vum sozialistesche Premier Pedro Sanchez, grad ewéi vun der konservativer Regionalregierung.

Gefuerdert gëtt eng automatesch Verlängerung vu Mietverträg op eng onbestëmmten Zäit, ee bessere Schutz virun Zwangsräumungen, esou wéi eng Reguléierung vum Verloune vu Kummeren.