search

/ No Oppene Bréif: Problemer op der Uni bestëmme weider déi politesch Agenda

National

|
reading time

2 min

No Oppene Bréif: Problemer op der Uni bestëmme weider déi politesch Agenda

An der zoustänneger Chamberkommissioun sollt, op Ufro vun déi Lénk, virun allem iwwer Interessekonflikter op der Uni Lëtzebuerg diskutéiert ginn. Déi waren och e Sujet, mee séier hunn d’Mëssstänn op der Universitéit, iwwert déi an der Lescht vill diskutéiert gouf, iwwerwien.

reading time

2 min

D'Studentefoire fënnt fir déi 4. Kéier um Belval statt. | © picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen
D'Studentefoire fënnt fir déi 4. Kéier um Belval statt. (Foto: picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen)

An engem oppene Bréif haten zum Beispill déi zwee Proffe Benoît Majerus a Luc Heuschling rezent nach emol op dee Malaise op der Uni higewisen.

An deem Kontext sot d’DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin, d’Situatioun op der Universitéit géif hir um Mo leien, ma et wier elo de Moment, fir de Problemer op de Fong ze goen. 

Woubäi d’Simone Niclou, Vize-Rectrice vun der Uni, direkt mat hirer éischter Interventioun net gutt bei den Deputéierten ukoum. Si hat do nämlech vum Problem geschwat, datt deem, wat d’Rektorat seet, net géif gegleeft ginn. 

Mataarbechter:innen sollten an Audit mat abezu ginn

An der Diskussioun wollt d’DP-Deputéiert Corinne Cahen wëssen, wat konkret géint Mobbing op der Universitéit géif gemaach ginn,  a wat, fir datt am Kader vun den ugekënnegten zwee Auditen (ee vun der Uni, ee vum Ministère) Leit, déi sech dozou äussere wéilten, keng Konsequenzen ze fäerten hätten.

Am beschte sollten déi 2.800 Leit, déi en Aarbechtskontrakt mat der Uni hunn, an d’Auditen abezu ginn, huet de Yves Elsen, President vum Conseil de gouvernance vun der Uni, gemengt.

Héichschoulministesch annoncéiert Treffe mam Unisproff

Den DP-Deputéierten André Bauler ass iwwerdeems op eng Kritik am rezenten Interview vum Unisproff Luc Heuschling op eiser Antenn agaangen.

"Dat heescht et gëtt behaapt, d'Uni wär net op der Héicht vun deem, wat d'Lëtzebuerger Gesellschaft fuerdere kéint. An der Justiz gi Leit rekrutéiert. Do hätt et e grousse Konsens gi fir e Master am Lëtzebuerger Droit. Do wär et awer sou, dass am Droitsdépartement dee Projet, Zitat, vun haut op muer refuséiert gi wär.”

Resultater ofwaarden

D’Héichschoulministesch huet an deem Kontext eng kuerzfristeg Renconter mam Unisproff annoncéiert.

“Ech hunn d'nächst Woch d'Geleeënheet, mam Här Heuschling dat Thema och dann ze beschwätzen”

Wat den André Bauler begréisst huet. An och de Yves Elsen huet fonnt, dass eppes misst geschéien, fir datt d’Ressourcen, déi hei am Land gebraucht ginn, och hei rekrutéiert ginn. Vun alle Säite war et awer de Constat, datt een déi zwee Auditen, an hir Resultater, elo mol ofwaarde sollt.