D'Irregularitéite wieren an de Comtë vun de Méint Februar a Mäerz 2026 opgefall.
Nodeems d'Onreegelméissegkeeten an der Comptabilitéit opgefall sinn, wier den Dossier elo bei de Procureur d‘Etat an de Commissaire à la Discpline weidergeleet ginn, fir déi noutwenneg Analysen a Suitten um penalen an administrative Plang ze maachen, heescht et.
Eng Somme gouf vum SIDEN bis elo nach net ëffentlech genannt. De verdächtege Beamten gouf dispenséiert. D‘Konte vum SIDEN sinn den Ament blockéiert bis den inneministère gréng Luucht gëtt, fir déi finanziell Operatioune nees kënnen opzehuelen.
De SIDEN wéilt an aller Transparenz informéieren, esoubal de Parquet seng Enquête ofgeschloss huet, war et nach de Message no der Sëtzung vum Comité d‘Urgence.