arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Kritik vum Staatsrot: Observatoire de l'habitat kritt déi néideg Onofhängegkeet

Logement

|
reading time

1 min

No Kritik vum Staatsrot: Observatoire de l'habitat kritt déi néideg Onofhängegkeet

An der Logementskommissioun vun der Chamber gouf sech am Nomëtteg ënner anerem mam Gesetzesprojet iwwer den Observatoire de l'habitat befaasst. Een Zil vun deem Projet de loi ass et, fir deem Observatoire déi néideg Onofhängegkeet ze ginn.

reading time

1 min

Site vum Observatoire de l'habitat | © Radio 100,7
Site vum Observatoire de l'habitat (Foto: Radio 100,7)

De Statsrot hat d'Onofhängegkeet net garantéiert gesinn, woufir déi entspriechend Artikelen am Gesetztext hu missen ëmformuléiert ginn, esou de Michel Foehr aus dem Logementsministère. Virun allem um Artikel 2 hätt de Staatstrot sech gestouss. 

"Well mer awer gesot hunn, dans l'accomplissement de ses missions, misst den Observatoire ëmmer beim Minister nofroen, ob en dierf eppes maachen. Datt e muss eng Autorisatioun beim Minister froen, fir eppes dierfen ze maachen, hu mer einfach erausgeholl, soudatt en et einfach elo mécht. Wann en also zum Beispill Experte muss froen, da freet en déi einfach, ouni mussen am Viraus beim Minister en Accord ze froen."

Donieft soll e Coordinateur général, deen d’Relatiounen tëschent Ministère an Observatoire geréiert, manner ënner der Fuchtel vum Minister stoen. Dee Generalcoordinateur gëtt fir zwee Joer genannt, déi renouvelabel sinn.

Rapporteur vum Projet de loi gouf den DP-Deputéierte Gilles Baum genannt.