search

/ Luxair-Generaldirekter nennt d’Grënn fir déi méi heefeg Annulatiounen

No Kritick vun de Passagéier

|
reading time

2 min

Luxair-Generaldirekter nennt d’Grënn fir déi méi heefeg Annulatiounen

Ëmmer méi heefeg gouf et Kritik un der nationaler Fluchgesellschaft, well Flich hu missen annuléiert ginn. Eng Fluggesellschaft wier noutgedronge reegelméisseg mat techneschen Ausfäll oder schlechte Wiederkonditioune konfrontéiert, seet dozou hire Generaldirekter Gilles Feith.

reading time

2 min

© Luxair
(Foto: Luxair)

D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet d’Äntwert op d’Question Parlementaire gréisstendeels dem Luxair-Generaldirekter Gilles Feith iwwerlooss. Si selwer huet haaptsächlech hiert Verständnis an hir Ënnerstëtzung fir d’Luxair ausgedréckt.

Eng Fluggesellschaft wier noutgedrongen regelméisseg mat techneschen Ausfäll oder schlechte Wiederkonditioune konfrontéiert. Mee fir d’Experience vun de Clienten ze verbesseren, géif konstant um Ausbau an der Optimiséierung vun der Flott an vum Findel geschafft ginn.

Annulatioune liicht geklommen 

De Generaldirekter Gilles Feith schreift, datt d’Zuel vun den annuléierte Flich liicht geklommen ass, vun 1,26 Prozent op 1,77 Prozent bei insgesamt méi Flich.

Dest wier duerch eng Rei Grënn ze erkläeren. Engersäits kéinten auslännesch Flughäfen bei Problemer mat Fligeren eventuell net déi néideg technesch Ënnerstëtzung bidden oder Ersatzdeeler liwweren, wat virun allem bei de Fligeren vun der Q400-Flott e Problem ass.

Dest géing och erkläeren, firwat et heiansdo méi sënnvoll wier, wa wärend dem Flug en techneschen Problem optaucht, d’Maschinn zeréck op de Findel ze fléien.

De Luxair-CEO Gilles Feith. | © Jo Diseviscourt
De Luxair-CEO Gilles Feith. (Foto: Jo Diseviscourt)

Grënn: Wiederkonditiounen, Streik an de Krich am Noen Osten 

D’Grënn fir Annulatioune vu Flich wéi Wiederkonditiounen, Streiken oder d’Sträiche vun der Dubai-Streck wéinst dem Krich am Noen Osten, géingen ausserhalb vun der Luxair hirer Kontroll leien. 

Fir zukünfteg Verspéidungen ze vermeide géif och konstant un der Optimiséierung vun de Flugpläng, der Flott an den technesche Prozedure bei der Luxair geschafft ginn, esou hire Generaldirekter.

Wichtegen Ambassadeur

D’Luxair wier trotz dem Krich am Noen Osten an enger Rei technescher Komplikatiounen weiderhin "e wichtegen Ambassadeur" vum Finanzstanduert Lëtzebuerg. Dat fannen iwwerdeems d'DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an de Luxair Generaldirekter.

Text vum Luca Di Santolo