search

/ No Dateleak bei Basic-Fit: Wéi schützt ee sech richteg?

Dateklau

|
reading time

3 min

No Dateleak bei Basic-Fit: Wéi schützt ee sech richteg?

An de leschten Deeg sinn direkt bei zwou groussen internationalen Entreprisë perséinlech Date vun Notzer geklaut ginn. Esouwuel bei der Fitnesschaîne Basic-Fit, wéi och bei der Reesplattform Booking.com, goufen ënner anerem Wunnadressen, Email-Adressen, Gebuertsdeeg an och Bankdonnéeë geklaut.

reading time

3 min

Illustratioun  Hacker | © Bigstock / dolgachov
Illustratioun Hacker (Foto: Bigstock / dolgachov)

Passwierder wieren den Entreprisen no keng dobäi gewiescht. Mee och ouni Passwierder ze klaue wieren d’Donnéeën interessant fir Krimineller, erkläert de Jeff Kaufmann vu BeeSecure.

"Fir déi Kriminell ass et virun allem interessant, well si duerno zu engem spéideren Zäitpunkt ganz glafwierdeg Kontaktopname kënne maache mat den Notzer, deenen hir Donnéeën do geleaked goufen."

Arnaquë wieren doropshin dann och méi schwéier ze erkennen.

"Ech mengen, wann ee weess, datt elo eng Persoun bei engem Fitnessstudio ugemellt ass oder eng Rees gebucht huet, da kléngt eng falsch Email, déi iergendwéi eppes opgräift, wat där Persoun iergendwéi realistesch erschéngt; da kléngt dat schonn direkt vill méi authentesch."

Et géif also net fir déi Kriminell ëm d'Donnéeë selwer goen, mee ëm dat, wat een da mat deenen Donnéeë kéint ustellen, esou de Jeff Kaufmann vu BeeSecure.

Et soll ee fir all Kont en anert Passwuert hunn

Am Fall vu Basic-Fit a Booking hu béid Entreprisen eegenen Aussoen no hiren Notzer transparent matgedeelt, wa si vun der Fuite vun Date betraff waren. Wann ee selwer esou ee Message kritt huet, soll een awer net a Panik geroden, mee genee kucken, wéi eng Donnéeë betraff sinn, seet de Jeff Kaufmann.

Och wa bei dësen Datefuitë keng Passwierder geklaut goufen, erënnert de Jeff Kaufmann drun, datt et wichteg ass, verschidde Passwierder fir all Kont ze hunn. Doduerch kéint ee sech selwer am Internet beschtméiglech schützen.

"Allgemeng ass et wichteg op gréissere Plattformen, wou een och vläicht Kreditkaarteninformatiounen hannerleet, do ëmmer eenzegaarteg Passwierder ze huelen, keng Passwierder ze widderhuelen an och Richtung Two-Factor-Authentifizéierung ze goen. Dat ass, wann een nieft dem Passwuert nach en zweete Code oder PIN, deen iwwer SMS geschéckt kritt, muss aginn, fir sech anzeloggen, fir esou den Account wierklech ofzesécheren."

Wann elo erauskéim, datt Bank- oder Kreditkaarteninformatiounen am Spill sinn, sollt een och net zécken, direkt bei der Bank unzeruffen a méiglecherweis seng Kaart spären ze loossen, betount de Jeff Kaufmann vu BeeSecure.

100-prozenteg Sécherheet gëtt et am Internet net

Bei engem Leak, wéi deen deen hei bei Basic-Fit a Booking.com geschitt ass, kéint een als Notzer awer net vill maachen, esou de Jeff Kaufmann vu BeeSecure weider. Et wier een der Sécherheet vun de Serveren ausgesat op deenen d’Entreprisen hir Donnéeë späicheren. D’Entreprisen hätten och selwer Interessi dorun, déi Donnéeë beschtméiglech ze schützen.

Eng 100-prozenteg Sécherheet géif et am Internet awer net ginn. Ganz allgemeng réit de Jeff Kaufmann den Affer vun engem Dateleak an nächster Zäit besonnesch virsiichteg bei Emailen oder anere Messagen ze sinn.

"Datt een och einfach de Mechanismus huet, datt een och kritesch bleift. An et muss een einfach dovun ausgoen, datt mir an Zukunft och méi där Ugrëffer matkréien, déi méi authentesch sinn, déi och méi cibléiert sinn op ee perséinlech."

Et sollt een dofir och besonnesch oppassen, wann een direkt kontaktéiert gëtt.

"Sief et Mailen, SMSen, WhatsApp-Noriichten oder och Uriff, déi ëmmer méi authentesch kléngen."

Falls een dann e Message kritt, bei deem ee sech net sécher ass, ob e richteg ass oder net, réit de Jeff Kaufmann ëmmer nach eng Kéier nozefroen. Wa méiglech soll een dat a Persoun maachen an den direkte Kontakt sichen. Et kéint een awer och per Mail nofroen, ob de Message, deen ee kritt huet, eng Arnaque ass oder net.