Radioen

On air

Mëttesrascht  |  ENGLBRT

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Ausschreidunge Sécherheetsmesuren erhéicht

Dublin

No Ausschreidunge Sécherheetsmesuren erhéicht

Zu Dublin waren d‘Sécherheetsmesurë gëschter Owend erhéicht. Dat no de brutalen Ausschreidung vum Donneschdeg, déi eng Schan fir Irland sinn, wéi den iresche Premier sot.

auto_stories

1 min

Ausschreidungen, déi op de Compte vu rietse Randaléierer ginn, goufen ausgeléist duerch eng Messerattack op eng Fra an dréi Kanner. Aus der Nuecht vun hënt goufe just kleng Tëschefäll gemellt. 

Iwwerdeems ass elo déi iresch Justizministesch Helen McEntee an och de Policechef ënner Drock geroden. D‘Ministesch hat der Police virgeheit en Donneschdeg den Owend bei den Ausschreidungen, katastrophal operationell Feeler gemaach ze hunn. D‘Oppositioun geheit hir fir, d‘Eskalatioun fir parteipolitesch Zwecker ze mëssbrauchen.