Am Norde gëllt nach ëmmer bis haut de Mëtteg 12 Auer d’Alerte Orange, well Meteolux mat bis zu 10 Zentimeter Schnéi rechent. Am Süde vum Land si fënnef Zentimeter Schnéi méiglech, dofir gëllt hei eng Alerte Jaune. Wéi et soss haut mam Wieder virugeet, erkläert de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide.
"Et ass esou, well d'Temperature wierklech stabil am Minus leien, hu mer et wierklech mat kengem Schnéimatsch onbedéngt ze dinn. Et ass wierklech gudde Schnéi, deen, souzesoen, op den Äisplacke vu gëschter läit, an dat ass eeben dat, wat haut de Moie esou tückeg ass. Et ass net, wéi wa lo eben normal Schnéi fält."
Duerch déi Äiscouchen ënner dem Schnéi kann et weider immens glat sinn op de Stroossen. Et ass awer deemno nach ëmmer mat Perturbatiounen am Verkéier ze rechnen.
D'Schoulen sinn haut och erëm normal op.
Et gëtt weiderhi geroden, sech op den offizielle Sitten ze informéieren, also op meteolux.lu an op infocrise.lu.
Och wann de Krisendispositif opgehuewe gouf, hält déi sougenannte Cellule d’évaluatioun d’Situatioun weider am Bléck.
Streewee kommen net laanscht Gefierer, déi hänke bleiwen
De Roland Fox vu Ponts et chaussées betount, datt all hir Ekippen am Asaz wieren. Den Ënnerscheed vu gëschter op haut wier deen, datt méi Trafic ass, an och schonn eng Partie Gefierer op de Stroossen hänken, wou dann d‘Streewee net laanscht kommen.