Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - Elegy For Love

play_arrow Live
search

/ No Äerdbiewe riskéiert de Bilan un Doudesaffer weider ze klammen

Myanmar an Thailand

No Äerdbiewe riskéiert de Bilan un Doudesaffer weider ze klammen

Am Myanmar an an Thailand gëtt dräi Deeg nom Äerdbiewen d'Chance nach Iwwerliewender ze fannen ëmmer méi kleng. Offiziell koume bis elo 1.700 Leit bei dësem Biewen ëm d‘Liewen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas)

Et gëtt ëmmer nach gefaart, datt de Bilan däitlech kéint klammen, well d'Hëllefsekippen nach net iwwerall konnten agräifen. Gëschter gouf et nees eng Serie vun Nobiewen. D'Haaptbiewe mat enger Stäerkt vu 7,7 war iwwer 1.000 Kilometer vum Epizentrum ewech bis op Bangkok ze spieren.

Eleng do koumen 18 Leit op engem Chantier ëm d'Liewen. D'Weltgesondheetsorganisatioun an dat internationaalt Rout Kräiz koordinéieren am Moment déi international Hëllef an hunn Appeller fir Done gemaach.