Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - Grapevine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nilton Martins: Schauspiller,Regisseur a Casting-Direkter

Sot emol

Nilton Martins: Schauspiller,Regisseur a Casting-Direkter

No enger Formatioun am Beräich “Commerce” huet dem Nilton Martins säi Wee hien op Paräis gefouert fir do op der “École internationale de création audiovisuelle et de réalisation “ säin Dram ze erfëlle fir eben ënnert anerem Schauspiller ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

57 min

play_arrow

No der Formatioun an e sëllege Kuerzfilmer déi den Nilton Martins zu Paräis realiséiert huet, koum hien zeréck op Lëtzebuerg fir sech als Schauspiller am Theater an am Film ze etabléieren. Dobäi kann ee sécher dem Nilton Martins seng Roll als “Jorsch” am Andy Bausch sengem “Troublemaker” oder seng Participatioun un der éischter Lëtzebuerger Sitcom  "Weemseesdet" eraus hiewen.

Meng Kraaft vu Jonktem un

Den Nilton Martins ass ee ganz engagéierte Mënsch, dee sech ëmmer fir déi verschiddenst Beräicher intresséiert huet. Hie ass en artistesche Wee gaangen, sief et vir oder hannert der Kamera, op oder hannert der Bün. A wichteg war et fir hien ëmmer nees nei Leit kennen ze léieren och ëmmer nees den Horizont erweideren.

“Wann een elo e bësse mäin detailléierten CV géif kucken, dann hunn ech schonn e puer Saache gemaach. Ech hunn elo 41 Joer an ech mengen, datt ech scho vill gemaach hunn an hoffen och vill erreecht hunn.”

Leit connectéieren

Den Nilton Martins war déi éischt Jore wou hien nees zu Lëtzebuerg war nawell zimmlech sollicitéiert a krut och vill Engagementer. Mee do koum awer deen Ament, wou et manner gouf. An do huet den Nilton Martins sech d’Fro gestallt, wat e maache soll?

“Ech wollt probéieren, ee Maximum am Filmberäich oder am artistesche Beräich ze bleiwen. An do hunn ech mir geduecht, wat kann ech elo maachen. An den Andy war deen Alleréischten deen zu mir gesot huet: 'Nilton, du kenns vill Leit. Ech dréien en Dokumentarfilm “Belle Epoque”, ech brauch do Häre mat spezielle Gesiichter.' Den Andy huet jo gären “Faces”, wéi ee seet.”

An deen Ament ass et ugaange mam Intressi fir de Casting-Beräich, an dat huet sech dunn esou weider entwéckelt.

Eng Plaz wou d’Leit sech fannen.

D’Iddi ass ëmmer weider gaangen, bis eben den Nilton Martins mat aneren eng Casting Agence gegrënnt huet, eben eng Plaz, wou Leit connectéiert sinn an net nëmmen sech punktuell mellen.

“Vläicht ass et besser mir hunn ee Pool an eng Plaz, wou d’Leit sech fannen, an dofir hu mir gesot, mir grënnen “Casting Lux”.(...) D’Leit melle sech do, se bezuelen eng kleng Cotisatioun d’Joer a mir probéiere lauter Aktivitéiten ze maachen, déi am Beräich Casting sinn.”

Ee Schauspiller ass seng eegen Entreprise

An dat heescht, datt de Schauspiller léiere muss, sech ze verkafen an och wéi hie sech verkeeft, mat anstännege Fotoen, engem anstännegen CV an dat alles och ëmmer ze aktualiséieren. Si ginn als Agence de Leit Rotschléi mat op de Wee, si sinn do fir de Leit ze hëllefen an se ze guidéieren.

“De Schauspiller, deen eng Ausbildung mécht, gëtt dono e bësse wéi seng eegen Entreprise. Mat engem Ugestallten an et soll ee probéieren sech am beschten ze verkafen.”

Lauschterenplay_arrow