search

/ Nightmares on Wax - "Echo45 Soundsystem"

Album vun der Woch

|
headphones

3 min

Nightmares on Wax - "Echo45 Soundsystem"

Zënter ronn 30 Joer ass hien eng vun de wichtegste Figuren aus dem Trip Hop: den “Nightmares on Wax”. Den Englänner hat deemools Mëtt den 90er matt “Smoker’s Delight” an “Carboot Soul” zwee legendär Albumen erausbruecht, déi a kenger Trip-Hop Collectioun feelen däerfen.

headphones

3 min

© bandcamp
(Foto: bandcamp)

Eng Handvoll Albume sinn nach nokomm. An op deenen zwee leschten, 2018 an 2021, wor dunn, ganz ongewinnt, op eemol och Gesang oder Rap-Versen ze héieren. Mais de Georges Evelyn, wéi den DJ-Produzent mam richtegen Numm heescht, huet et perfekt hikritt fir dës nei Téin an seng gemittlech Musek afléissen ze loossen.

Kloren Afloss duerch Dub a Reggae

Dës gelonge Mëschung aus Trip Hop, Hip-Hop, R&B, Dub a Reggae fanne mer och um neien, zéngten Album “Echo45 Soundsystem” zeréck. An déi Musek luet, wéi een sech dat kann denken, zum entspanen oder zum chillen an. Den Album-Cover an d’Wuert “Soundsystem” am Titel deiten op e gréisseren Afloss vun Dub a Reggae-Musek hin, wat beim Lauschteren och konfirméiert gëtt. Ouni awer den Trip-Hop, deen hie bekannt a beléift gemaach huet, jee aus dem musikalesche Fokus ze verléieren.

Gesang oder Rap op all Lidd

Am Géigesaz zu de Lidder op senge siwen éischten Albume kënnt op “Echo45 Soundsystem” keen eenzegt Lidd ouni Gaascht-Optrëtt aus. Sangen oder rappen héiert een ënner anerem de Liam Bailey, d’Greentea Peng, d’Sadie  Walker oder nach den 90er Rapper Mos Def. Doduerch fillt een sech och net esou eleng wéi engem dat bei sengen éischte wonnerschéine mee instrumentalen Albumen alt emol virkomm ass. An anescht wéi am Hip-Hop verblenden am Trip-Hop d’Gesäng an d’Rap-Verse reiwungslos matt den doucë luese Beats am Hannergrond. Ëmmer bleiwen dem “Nightmares on Wax” seng musikalesch Kompositiounen am Vierdergrond.

Brittesch Gréissten zéien den Hutt 

Wat e Gewiicht den “Nightmares on Wax” stiliwwergräifend an der brittescher Musekszeen no 30 Joer weiderhin huet, weist och de Fait, datt een um neien Album déi legendär englesch DJ’e Giles Peterson a Goldie héiert sech virum “Nightmares on Wax” verneigen.

“Echo45 Soundsystem” ass en Album, deen, genau wéi all déi aner bis ewell vum “Nightmares on Wax”, perfekt ass fir am Hannergrond lafen ze loossen, beim Kachen an der Kichen, beim Autofueren oder bei engem Buch. Et ass keng Musek, déi sech virdréckt, éischter de Contraire.