arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nidderegsten Niveau zënter dräi Wochen: Pëtrolspräisser si weider gefall

Energie

|
reading time

3 min

Nidderegsten Niveau zënter dräi Wochen: Pëtrolspräisser si weider gefall

Nodeems d'USA e méiglechen Accord iwwer eng Re-Ouverture vum Mierespassage vun Hormus an Aussiicht gestallt hunn, sinn d'Präisser op den nidderegste Stand zënter dräi Woche gefall.

reading time

3 min

© EPA/GUILLAUME HORCAJUELO
(Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

Den US-Ausseminister Marco Rubio an de Finanzminister Scott Bessent soten alle béid, d‘Schëffstransporter duerch den Hormus-Passage kéinten eventuell haut oder muer nees méiglech ginn.

Sollt den Iran net opmaachen, gräifen d'USA nees un

De Präis vum Brent Pëtrol ass ëm bal fënnef Prozent op ënner 80 Dollar de Barrel gefall. Hei zu Lëtzebuerg sinn d‘Präisser fir Diesel, 98er Bensinn an Heizungsmasutt op Mëtternuecht ëm iwwer 10 Cent de Liter gefall.

Entwécklung vum Pëtrol Brent zënter engem Joer 

De Katar, deen tëschent dem Iran an den USA vermëttelt, huet confirméiert, datt et Fortschrëtter bei de Gespréicher gouf. Den Iran verhandelt awer net direkt mat den USA, mee mam Oman.

Den US-President Donald Trump huet den Iran gewarnt: Wann den Hormus-Passage net geschwënn nees opgeet, géifen d‘USA den Iran nees ugräifen.