Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Niddreg Participatioun bei Walen ouni d’Oppositioun

Hong Kong

Niddreg Participatioun bei Walen ouni d’Oppositioun

Zu Hong Kong gouf et bei de Bezierks-Walen deen niddregste Participatiouns-Taux zanter dass déi fréier brittesch Kolonie viru 26 Joer zréck u China goung. Nëmme ronn 27 Prozent vun de 4,3 Millioune Walberechtegte gounge gëschter wielen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Vernon Yuen
Et waren déi éischt Walen zanter der Walreform. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Vernon Yuen)

D‘Oppositioun huet net däerfe mat maachen. Et ware just Kandidaten zougelooss, déi der Regierung zu Peking trei sinn. Bei de leschte Walen, 2019, waren nach 70 Prozenz un de Walberechtegte wiele gaangen. 

No de groussen anti-China Protester hat déi pro-demokratesch Beweegung deemools d‘Wale kloer gewonnen. Duerno huet China e repressiivt Sécherheetsgesetz an eng Walreform imposéiert. D‘Oppositioun gouf verfollegt an aus dem politesche Prozess ausgeschloss.