Radioen

On air

Moiesstudio  |  Chaild - Hold On

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nicolas Schmit: „Et ass méiglech, den ungaresche Blockage ze ëmgoen“

Blockéiert EU-Suen

Nicolas Schmit: „Et ass méiglech, den ungaresche Blockage ze ëmgoen“

 D‘EU-Kommissioun ass nach net prett, EU-Fonge fir Ungarn ze deblockéieren. Sou laang d‘Suen net fléissen, riskéiert d‘Orban-Regierung EU-Dossiere wéi de Budget ze blockéieren. Déi aner 26 EU-Länner missten an deem Fall Léisungen ouni Ungarn fannen, seet den EU-Kommissär Nicolas Schmit.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Iwwert d’Hallschent vun de Kohesiounsfongen (ronn 22 Milliarden Euro) an all d’Suen aus dem Corona-Hëllefsfong (ronn 10 Milliarden Euro), déi Ungarn an de nächste Joren zu gutt hätt, sinn den Ament blockéiert.

Ungarn erfëllt Critère net

D’Kommissioun huet um Dënschdeg de Moie keen Zweiwel dru gelooss, datt Ungarn d’Critèren net erfëllt, fir datt d‘Fonge fräigeschalt kënne ginn.

„D‘Gespréicher gi virun, leider gëtt et keng Entwécklung, déi eng positiv Bewäertung erlaabt“.

Erkläert den EU-Budgetskommissär Johannes Hahn. Den EU-Kommissär fir d‘Aarbecht a Soziales, Nicolas Schmit, huet véier Beräicher opgezielt, an deenen et nach Bedenke gëtt: D’Onofhängegkeet vun der Justiz, d’Gesetz iwwert den Accès zu Contenu en Relatioun mat Homosexualitéit, déi akademesch Fräiheet an d’Recht op Asyl.

Angscht, datt weider Dossiere blockéiert ginn

Verschidde Medien hate bericht, d’Kommissioun stéing kuerz virdrun, d’Suen elo awer auszebezuelen, aus Angscht d’Orban-Regierung kéint weider EU-Dossiere blockéieren. Dat hat am Parlament fir Opreegung gesuergt.

D‘Erklärunge vun den zwee EU-Kommissären hunn den Daniel Freund, gréngen Europadeputéierten net iwwerzeegt. Sengen Informatiounen no ass d’Kommissioun effektiv am gaangen d’Ausbezuele vun de Suen ze präparéieren.

„Ich finde, sie haben am Ende die Bedenken nicht aus dem Weg geräumt, dass relativ zeitnah die Gelder ausbezahlt werden. Für uns ist jedoch klar die Reformen die die ungarische Regierung liefern muss, sind nicht gemacht, die Bedingungen sind nicht erfüllt, damit darf kein Geld fliessen.“

Weeër fannen ouni Ungarn ze decidéieren

Erpressung wier net akzeptabel, seet iwwerdeems de Nicolas Schmit. Déi 26 aner Länner missten no Weeër sichen, ouni Ungarn ze decidéieren, sou de Lëtzebuerger EU-Kommissär am 100Komma7-Interview.

"Mir kënnen net akzeptéieren, dat mer a ganz wichtege Froe wéi dem MFF oder Hëllefe fir d’Ukrain vun engem Staat, besonnesch fir déi doten Ursaachen, blockéiert ginn. Do géif et Méiglechkeete ginn, fir dat ze ëmgoen.“

Déi Méiglechkeete géingen net vum Ausbezuele vun EU-Suen ofhänken, stellt den LSAP-Politiker kloer.

„Nee déi hunn näischt mat deem Mechanismus ze dinn. Dat ass een anere Wee, wou ee probéiert eng Léisung zu 26 ze fannen.“

Och de Johannes Hahn pocht drop, datt net mat Ungarn verhandelt gëtt. Budapest misst déi entspriechend legal Schrëtter noweisen. Onméiglech wier dat net, sou laang de politesche Wëllen do ass, sou den Éisträicher am Europaparlament.

Lauschterenplay_arrow